Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir d'éischte Kéier en europäescht Wahlkampfthema"

Europawahlen 2019

"Fir d'éischte Kéier en europäescht Wahlkampfthema"

Mam Klimaschutz hätt fir d'éischte Kéier en europäescht Thema am Mëttelpunkt vum Europawahlkampf gestanen. Déi Conclusioun huet den Olaf Münichsdorfer no den éischte Prognose gezunn.

auto_stories

1 min

Dëst hätt och zu der héijer Wahlbedeelegung bäigedroen: "Mir sinn an enger ganz spezieller Dramaturgie gewiescht, zum Beispill wann ee sech de Klimamouvement ukuckt. Dat war eng Europäiséierung vun engem Mouvement", sot den Olaf Münichsdorfer.

Fir de fréiere Beamten am Ausseministère a Publizist Victor Weitzel ass dat schlecht Resultat vun den Europäesche Konservativen de markante Fait: "Et muss ee sech d'Fro stellen, ob de Manfred Weber dee Mann ass, deen Europa brauch. Hien ass zimlech schwaach eriwwer komm."

Datt den Europawahlkampf zu Lëtzebuerg net esou wierklech Vitess opgeholl hätt, do ware sech béid Invitéen eens. Fir den Olaf Münichsdorfer hätt et zwar wuel eng Rei Sujete ginn, déi am Mëttelpunkt gestanen hätten, an "ech menge net, datt et en Desinteressi bei de Leit gouf. Mee et war sécher kee sou zougespëtzte Wahlkampf, wéi mir e vu fréiere Jore kennen."

De Victor Weitzel war iwwerdeems der Meenung, datt och d'Regierung hiren Undeel dorun hätt: "Ech hunn net den Androck, datt déi aktuell Regierung - a besonnesch de Premier Xavier Bettel an de Pierre Gramegna - Loscht hunn, vill un der Europäescher Unioun ze änneren."