Ausgeschriwwe sinn also d'Lizenze fir d'Beräicher Passagéier- a Cargo-Handling um Findel, erkläert de Generaldirekter vu LuxAirport, den Alexander Flassak.
"Es sollten nach Möglichkeit mehrere Lizenzen vergeben werden, maximal aber zwei für den Cargo-, und zwei für den Passagierbereich."
Weder Flughafen nach Ministère mësche sech an
Am Passagéierberäich hunn de Moment souwuel de Grupp Luxair wéi och déi belsch Entreprise Aviapartner Lizenze fir Servicer wéi den Check-In, den Transport vu Bagagen um Fluchhafen, d'Rangéiere vu Fligeren oder fir zum Beispill d'Entäise vu Fligeren.
"Aviapartner hat in der Tat eine Lizenz und ist deswegen auch berechtigt mit allen Airlines in Verhandlungen zum ground handling zu treten. Das ist vermutlich auch geschehen. Allerdings ergab sich wohl bisher nicht das erforderliche Volumen um dann wirklich in Luxemburg vor Ort aktiv zu werden."
D'Fluggesellschaft Ryanair hat 2016 mat Aviapartner verhandelt an hat sech duerno fir d'Servicer vum Grupp Luxair um Findel decidéiert. Aviapartner hätt deemno ni ee Client fonnt, seet de Mobilitéitsminister François Bausch. Et géing awer net duergoen, eng Lizenz ze kréien, mee et misst een deementspriechend och Clientë fannen.
An enger éischter Phas wier dat hei just eng reng Ausschreiwung, fir iwwerhaapt Leit ze fannen, déi den Handling herno operéieren, seet den zoustännege Minister.
"Duerno mëscht weder de Flughafen, a scho guer net de Minister sech an, wat fir Clienten déi kréien. Dat hänkt natierlech vun de Präisser of, déi si ubidde ginn, bei déi eenzel Clienten, déi et gëtt um Flughafen, vun Airlinen."
D'Qualitéit vum Service als wichtegste Facteur
Wéi vill Entreprisë bei der neier Ausschreiwung fir d'Lizenze fir d'Servicer um Findel matmaachen, dat wier nach net ofzegesinn, seet den Alexander Flassak vu LuxAirport.
"Die Lizenzen werden nicht im Preiskampf vergeben, sondern es wird allein auf Erfahrung im Groundhandling, Nachweis adequater Einsatzplanung, Qualifikation und Kompetenz vom Personal abgestellt. Schliesslich suchen wir einen robusten, verlässlichen Partner für die Lizenzdauer von normalerweise sieben Jahren."
Op méiglech Qualitéitsverbesserunge fir d'Passagéier um Findel ugeschwat, duerch déi nei Lizenzen, seet de Minister François Bausch, datt d'Servicer scho bis elo net esou schlecht wieren.
"Mat Ausnam villäicht vu verschiddene ganz spezifesche Spëtzemomenter oder Vakanzemomenter, wou et mol méi eng grouss Affluence ass, mee soss ass awer d'Offäerdegung zu Lëtzebuerg relativ gutt. Wat wichteg ass, dat ass datt Deejéinegen, déi den Zouschlag hei kréien, genuch Linnen opmaachen zu verschiddene Spëtzestonnen."
Do hätt ee bësse Problemer gehat gëtt de Minister zou. Mee dat hätt och mam Personalmangel bei Luxair ze di gehat. An och d'Covid-Kris hat Auswierkungen op de Secteur. D'Fluchgesellschafte wéilte lo aneschters fléien erkläert de François Bausch.
"Ganz spezifesch Situatioun" beim Cargo-Handling
Och fir de Cargo-Handling um Findel sinn zwou Lizenzen nei ausgeschriwwen. Dem Mobilitéitsminister no géif et an dësem Beräich eng "ganz spezifesch Situatioun" ginn. Dat, well mat Cargolux ee grousse Client zu Lëtzebuerg stationéiert ass. De François Bausch schätzt, datt bal zwee Drëttel vum Marché um Findel der Lëtzebuergescher Cargoairline gehéieren.
Dobäi kéim, datt sech och am Beräich vun Handling selwer Saache geännert hätten.
"Et gëtt och Lizenzen, sou gutt am Passagéier-, wéi am Frachtberäich, dat ass esou virgesi an der EU-Direktive, vu self handling, wou d'Airline sech selwer kann handelen. Dat ass haut och duerch digital Technike vill méi einfach méiglech."
Wann d'Cargolux op dëse Wee géif goen, da kéint et schwiereg ginn, fir fir de Cargo-Handling um Findel - nieft dem Grupp Luxair - eng zweet interesséiert Entreprise ze fannen, esou de Minister François Bausch.
Knapp iwwer véier Millioune Passagéier
Iwwerdeems louch d'Zuel vun de Passagéier um Findel 2022 knapp iwwer der Grenz vu véier Milliounen (4,05 Mio.), esou de Generaldirekter vu LuxAirport Alexander Flassak.
No der Pandemie hätten d'Passagéierzuelen sech d'lescht Joer erëm ganz positiv entwéckelt. Et hätt een e "kloren Nohueleffekt bei de Vakanzreese" festgestallt.
Dem Alexander Flassak no hätt Lëtzebuerg sech am europawäite Verglach iwwerduerchschnëttlech gutt erholl. 2021 louch d'Passagéierzuel um Findel bei ronn zwou Milliounen. Am Vir-Pandemiejoer 2019 waren et 4,4 Millioune Passagéier.
Wat de Fracht-Beräich ugeet wier 2022 ee vergläichsweis staarkt Joer gewiescht, och wann de Rekordvolume vun 2021 d'lescht Joer net hätt kënne widderholl ginn, seet de LuxAirport-Generaldirekter. Insgesamt sinn 2022 975.000 Tonne Cargo ëmgeschloe ginn.