Verdeedegungspolitik Finanzsprëtz fir d'Bundeswehr: e Paradigmewiessel?

100 Milliarden Euro sollen an déi däitsch Bundeswehr fléissen an zukünfteg wëllt d'Bundesrepublik och 2 Prozent vum PIB an d'Verdeedegung stiechen, wéi et d'NATO virgesäit. Besonnesch an der SPD vum Kanzler Scholz an och bei de grénge Regierungspartner ass d'Theema Oprëschtung awer net onëmstridden. An awer gëtt et hei e Konsens: Däitschland misst senger europäescher Responsabilitéit nokommen an zwar och militäresch.

Max Tholl (Berlin) / cbi

Däitsch Bundeswehr
Déi däitsch Bundeswehr soll méi finanziell Moyene kréien. Foto: picture alliance / photothek | Florian Gaertner

Extrem Situatiounen erfuerderen och extrem Mesuren. Sou léisst sech villäicht d'Entscheedung vum Kanzler Olaf Scholz erklären, d'Bundeswehr mat engem sougenannte Sondervermögen vu ronn 100 Milliarden Euro ze stäerken an doriwwer eraus och 2 Prozent vum PIB an de Verdeedegungsbudget ze stiechen.

Militärausgabe sinn duerch Ukrain-Krich méi drénglech ginn

Dorop haten sech d'NATO-Partner 2014 no der russescher Annexioun vun der Krim gëeenegt. Däitschland louch bis elo wäit drënner, mee de Krich an der Ukrain huet d'Theema Verdeedegung däitlech méi drénglech gemaach.

No der Ukënnegung vum Scholz gouf vill vun engem Paradigmewiessel geschwat - och well a senger Partei der SPD an beim grénge Koalitiounspartner d'Theema Oprëschten dacks vill Géigewand produzéiert.

Dofir schwätzt d'Verdeedegungsministesch Christine Lambrecht och léiwer vun Ausrëschtung. Hire Parteikolleeg de Wolfgang Hellmich erkläert, datt dat een domadder leeschte misst, wat vun der NATO erwaart gëtt.

Futtis Helikopteren, kromm Gewierer, vermuuschte Waffeliwwerungen oder net genuch waarmt Gezei - ëmmer nees goufen et Negativschlagzeilen iwwer d'Bundeswehr.

Dës ze stäerke wier net nëmmen am nationalen Interêt, mee och an deem vun den NATO-Partner, sou de Wolfgang Hellmich. Besonnesch déi méi kleng NATO-Partner géifen op dat kucken, wat Däitschland mécht, a géife sech erwaarden, datt ee mat Frankräich d'Heft an d'Hand géif huelen.

Däitschland als een Deel vum Puzzle

D'Sara Nanni vun de Gréngen gesäit Däitschland an der europäescher Responsabilitéit, mee gesäit och Risiken. Et wier wichteg, den Zesummenhalt an der EU ze stäerken, mee gläichzäiteg misst een oppassen, datt et kee Mësstraue wéinst der eegener militärescher Stäerkt géif ginn. "Das ist ein Ritt auf Messers Schneide", esou d'Sara Nanni.

Dofir wier et wichteg an allen internationale Beräicher méi Engagement ze weisen, net just beim Theema Verdeedegung.

De Finanzminister Christian Lindner sot kierzlech an engem Interview, mat de Mesurë sollt d'Bundeswehr zu der wierksaamster Arméi vun Europa avancéieren. D'Sara Nanni betount, et wier awer wichteg am méi breeden europäesche Kontext ze plangen. Däitschland wier een Deel vum Puzzle vun der NATO.

D'Budgetshausse fir d'Bundeswehr, do si sech de Wolfgang Hellmich an d'Sara Nanni eens, kann nëmmen en éischte Schrëtt sinn. Sécherheetspolitik, dat weist notamment den aktuelle Krich, ass net just op d'Arméi limitéiert, mee ëmfaasst och Beräicher wéi d'Energiepolitik oder Cybersecurity. Fir en nohaltege Paradigmewiessel, gehéieren dofir och dës matgeduecht a finanzéiert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Steve Thull
Lëtzebuerger Arméi

Déi Lëtzebuerger Arméi ass bereet, d'Militärmaterial fir d'Ukrain direkt ze liwweren. D'Koordinatioune géife lafen, fir festzeleeën, iwwer wéi eng Weeër dëst an d'Ukrain kann transportéiert ginn.

Illustraiotun Tansport Panzerofwierrakéit
Krich an der Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'Memberlänner wëllen ënner anerem eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Dat ass eng Première fir d'EU.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen