An engem aussergewéinleche Vietnamesesche Restaurant an der Alstad vun Hanoi treffe mir eng Partie Jonk Vietnamesen déi an de leschte Joren zu Lëtzebuerg eng Ausbildung gemaach hunn. Déi meescht vun hinnen sinn an d'Land komm fir sech am Tourismusberäich weiderzebilden. Wéi zum Beispill d'Thi déi 2010 wärend engem Joer am Lycee Technique hotelier Alexis Heck.
"Ech hunn do virop iwwer d'Hygiène an iwwer europäesch Standarden an der Gaaschtfrëndschaft geléiert. Ech hat och d'Occasioun mam Grand-Duc ze schaffen."
Elo schafft d'Thi nees, wéi am Kontrakt mat hirer Schoul virgesinn, am Vietnam. Mee hatt ass nach ëmmer fir hier Aarbecht a Kontakt mat Lëtzebuerg.
Fir de Baueren a Fraen ze hëllefen
Ronn 30 Vietnamesesch Studente sinn am Kader vum Programm vun der staatlecher Kooperatiouns-Agence LuxDev, déi am Optrag vun der Regierung schafft, op Lëtzebuerg komm fir eng Ausbildung ze maachen erkläert d'Hièn. Si selwer schafft zënter 20 Joer fir LuxDev. An de lëschte sechs Joer wier de Fokus vun der Kooperatioun vum Tourismus op de Finanzsecteur gewiesselt.
"Mir hunn en neie Projet fir den aarme Baueren a virun allem Fraen um Land ze hëllefe géint de Klimawandel ze kämpfen. An do wëlle mir mat de Banken zesumme kucke fir esou Landwirtschaftlech Projeten ze fiancéieren."
De Climate Change Fund ass fir esou Projete virgesinn. Och de Privatsecteur géif zënter enger Zäitchen Initiative fir Ausbildungsprogrammer huelen esou d'Hièn. Dat, souwuel am Tourismusberäich wei och am Finanzsecteur.
Deene Jonken huet et jiddefalls zu Lëtzebuerg gefall.