Radioen

On air

De Moien  |  M Field - Gargoyle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzminister: "Net kloer, wéi vill Steieren d'Immobiliefonge bréngen"

Budget 2021

Finanzminister: "Net kloer, wéi vill Steieren d'Immobiliefonge bréngen"

D'Immobiliefongen ginn an Zukunft méi staark besteiert, mee et ass nach net kloer, wéi vill Suen dës nei Mesure an d'Staatskeess spullt, esou de Finanzminister. De Pierre Gramegna preziséiert, datt nach net kloer wier, wéi eng Fongen ënner déi nei Reegelung falen.

auto_stories

2 min

All d'Mesuren, déi ageféiert ginn, wiere geschat ginn, mee dat wieren "extreem onprezis" Schätzungen.

"Wéi wëllt der eng genee Zuel bei de Fonds d'investissements spécialisés nennen, wou Immobilien dra sinn, wann der déi nach net erfaasst hutt. Mir hunn déi Mesure zum Beispill als praktesch neutral fir dat éischt Joer ugeduecht",

esou de Pierre Gramegna. De Finanzminister geet awer dovun aus, datt d'Mesure am zweete Joer Suen an d'Staatskeess spulle wäert.

Déi generell Steierreform muss waarden

De Finanzminister seet, d'Onsécherheet wier am Moment ze grouss fir eng generell Steierreform ze plangen, esou wéi et am Koalitiounsprogramm virgesinn ass. Och wat an den nächste Jore steierlech méiglech ass, wier am Moment schwéier soen, esou de Pierre Gramegna.

"Ech kann elo iwwerhaapt näischt plangen, esou laang ech net weess, wéini mer e Vaccin géint de Virus hunn. Et wier och irresponsabel, elo dat eent oder dat anert ze soen. Wat am Moment gebraucht gëtt, ass eng gewësse Stabilitéit, eng gewësse Rou."

Elo wier et wichteg d'Wirtschaft ze stäipen

D'Kris féiert dozou, datt d'Scholde vum Staat an d'Luucht ginn. D'nächst Joer kéinten déi Scholde bal 30 Prozent vun eisem wirtschaftleche Räichtum ausmaachen. Eng Grenz, déi d'Regierung am Fong net wollt iwwerschreiden. Mee dat dierft een am Moment net ze enk gesinn, esou de Finanzminister.

Hie wier prett fir déi nächst 18 Méint méi Emprunten opzehuelen, fir d'Ekonomie ze stäipen. Wann een dat net géif maachen, géif ee riskéieren an eng negativ Spiral eranzekommen.

"An dat hu mer 2008 och gesinn an der Finanzkris, wou Europa am Fong méi lues aus der Kris erauskomm ass, well fir d'éischt gespuert ginn ass, éier datt d'Relance gemaach ginn ass."

D'Triple A Bewäertung wier net a Gefor

D'Triple A Bewäertung vu Lëtzebuerg wier net a Gefor an et kéint een net pauschal soen, wéini dat de Fall kéint sinn, esou de Finanzminister. De Pierre Gramegna wëllt sech och net op e Prozentsaz vu Scholde par rapport zum PIB festleeën, vun deem un hie wéilt géigesteieren. Falls d'Rating-Agencë Lëtzebuerg an Zukunft eng negativ Perspektiv géife ginn, wäert de Finanzminister géigesteieren "mee do si mer net."