#openlux Finanzminister: "Mir si fiskalesch komplett an der Rei"

De Finanzminister Pierre Gramegna an d'Justizministerin Sam Tanson hunn an der Chamber d'Virwërf vun de Journalisten am Kader vun der OpenLux-Enquête ofgestridden. Si hunn awer och Punkten opgezielt, wou Verbesserunge solle gemaach ginn.

Michèle Sinner / tt

50925082948_6348ea8494_k.jpg
Chamberssëtzung vum 9. Februar. Foto: CHD

De Finanzminister Pierre Gramegna sot un Dënschdeg an der Chamber, Lëtzebuerg wier steierlech konform an hätt all Anti-Blanchimentsreegelen ëmgesat.

"Nach Loft no uewen"

D'Virwërf, d'Finanzplaz wier disproportionéiert grouss par rapport zur Gréisst vum Land, wieren eng frontal Attack op den europäesche Marché unique, deen et erlaabt, Finanzservicer ze exportéieren.

Mee de Pierre Gramegna sot och, datt et a ville Beräicher Loft no uewe géif, besonnesch an der Bekämpfung vu Kriminalitéit a Blanchiment, och op den digitale Weeër.

Do kéint Lëtzebuerg awer eleng net vill erreechen. Dofir géif een d'Iddi vun enger europäescher Agence géint de Blanchiment, déi an den nächste Méint soll presentéiert ginn, voll ënnerstëtzen.

Sanktiounsmechanismus fir den RBE

Foto: CHD

D'Sam Tanson huet iwwerdeems de Registre des bénéficiaires effectifs verdeedegt. Et wier ee vun den oppensten an Europa. An e wier zu 90 Prozent richteg ausgefëllt.

D'Regierung hätt awer scho beschwat, "datt mer den RBE wëlle mat engem Sanktiounsmechanismus dotéieren, fir administrative Strofen ze verdeelen, wann déi Delaien net respektéiert sinn."

Et wéilt een och d'Donnéeë vun der Cellule de Renseigenement financier besser mat deene vum Register vernetze "fir ze iwwerpréiwen, inwiefern et do problematesch Donnéeë gëtt, fir datt dann esou séier ewéi méiglech ka poursuivéiert ginn, wann ee Probleem ass."

Verstäerkt mat Referendäre schaffen

Si géif och un engem Projet de loi schaffen, fir datt bei der Justiz, wou et u Leit feelt, fir op de Blanchimentsaffären ze schaffen, kéinte Referendären agesat ginn. Et géifen awer all Joers e puer honnert Affäre poursuivéiert a jugéiert.

Eng 4000 Beneficiairen hätten hir Donnéeën net am ëffentlechen Deel vum Regëster wëlle publizéieren, sot d'Justizministerin Sam Tanson.

Déi Demandë wiere bal all refuséiert ginn. Doropshi wieren eng 300 Recourse viru Geriicht gemaach ginn.

Den Ament géif een drop waarden, datt den europäesche Geriichtshaff iwwert eng question préjudicielle decidéiert, fir ze kucken, wéi et mat deene Recourse weidergeet.

Méi zum Thema

Giegold
#openlux

Lëtzebuerg géif nach ëmmer zur aggressiver Steiervermeidung bäidroen, seet de gréngen Europadeputéierte Sven Giegold. Hie plädéiert fir een EU-wäit Ëmdenken, ugefaange mat enger méi strikter Kontroll vun de Firmeregësteren.

Sam Tanson
OpenLux

Lëtzebuerg géif am internationale Verglach gutt do stoen, wann et ëm d'Transparenz beim Firmeregëster geet, esou d'Sam Tanson. Si schléisst net aus, datt d'Regierung d'Transparenz-Reegele weider verschäerft.

Chambre des Députés
#openlux

D'Parteien an der Chamber halen d'Transparenz an d'Kontroll vun de Firmeregëstere fir richteg a wichteg. Mat de Conclusioune vun den OpenLux-Recherchen, datt Lëtzebuerg eng Steieroase wier, sinn déi meescht awer net averstanen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen