Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Downtown Train

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzement vu Superdreckskëscht wërft Froen op

Avis vun der wëssenschaftlecher Cellule

Finanzement vu Superdreckskëscht wërft Froen op

De staatleche Finanzement vun der Aktioun Superdreckskëscht ass am Moment net esou gereegelt wéi en et, eiser Verfassung no, eigentlech misst sinn. Zu där Conclusioun kënnt déi wëssenschaftlech Cellule vun der Chamber an engem Avis fir déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun. Hir Feststellung ass iwwerraschend a se kéint Konsequenze hunn, déi wäit iwwer d'Superdreckskëscht erausginn.

auto_stories

3 min

Foto: sdk.lu (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Den Artikel 99 vun der Verfassung seet zwou Saachen, déi an dësem Fall relevant sinn. Éischtens: gréisser finanziell Engagementer vum Staat - am Moment sinn dat Montante vu méi wéi 40 Milliounen Euro - misste via Spezialgesetz vun der Chamber erlaabt ginn.

Zweetens wier esou e Spezialgesetz och ëmmer dann néideg, wann eng Charge de Staatsbudget méi wéi just ee Joer belaascht.

Kontrakt mat OSL hätt ee Spezialgesetz gebraucht

De Kontrakt tëscht dem Staat an der Firma OSL (Oeko-Service Lëtzebuerg), déi d'Superdreckskëscht bedreift, erfëllt déi zwee Krittären: e leeft iwwer zéng Joer, gëtt also mat Suen aus zéng verschiddene Staatsbudgete bezuelt, an et geet zesummegerechent em e Montant vu méi wéi 40 Milliounen Euro.

Et ass also evident, datt dee Kontrakt als legal Basis e Spezialgesetz gebraucht hätt. Just datt keen esou ee Spezialgesetz gëtt. D'Conclusioun vum Avis ass dofir och kloer, seet d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm: de Kontrakt mat der Firma OSL wier "null und nichtig".

Kontrakter mussen anescht gereegelt ginn

Et wäerte musse politesch Conclusiounen aus deem Avis gezu ginn. Den nächste Méindeg wëllt d'Kommissioun mat der Ëmweltministesch driwwer diskutéieren, wat dat alles elo konkret fir den Dossier Superdreckskëscht bedeit.

Mee och d'Verfassungskommissioun wäert net derlaanscht komme sech mam Avis ze befaassen, well et beim Staat jo awer vill Kontrakter, déi iwwer méi wéi just ee Joer lafen, seet d'Diane Adehm:

"Mir sinn eis all bewosst, dass do an der Verfassung op deem dote Punkt muss gekuckt ginn, wéi een dat doten an Zukunft reegele kann. Well wann Der wierklech musst fir all Contrat d'entretien beim Staat e Gesetz maachen, da gitt Der jo net méi fäerdeg."

Et ass also schonn eng kleng Bomm, déi do mam Avis vun der Chamber-Verwaltung un d'Dagesliicht kënnt. An et erstaunt, dass dat sengerzäit kengem - weder an der Chamber, nach am Staatsrot - opgefall war.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet am 100,7-Interview reagéiert: sollt sech den Avis confirméieren an d'Gesetz vun 2005 net duergoen, da géif si "op alle Fall direkt dorop reagéieren an en Text virleeën", dat stéing ausser Fro. Si betount awer, datt si den Avis selwer nach net gesinn huet.

CSV wëllt den Avis direkt public maachen

An der Chamber war ofgemaach ginn, dat Dokument à ce stade nach net public ze maachen - géint de Wëllen vun der CSV-Fraktiouns-Co-Presidentin Martine Hansen. SI war dofir och iwwerrascht, datt de grénge Co-Parteipresident Meris Sehovic op RTL gesot hätt, hien hätt den Avis gelies:

"Ech war der Meenung, datt en einfach sollt public gemaach ginn, well mir hu jo näischt ze verstoppen. Wann d'Chamber en Avis juridique freet - an d'Chamber ass jo d'Vertriedung vum Vollek -, da solle mer deen och kënnen ëffentlech maachen. Do hunn awer virun allem déi gréng gebremst."

D'Martine Hansen ass dofir "extrem rosen"; datt mam Meris Sehovic een, dee weder Deputéierten nach Member vun der Regierung ass, den Avis scho konnt liesen.

D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV wëllt dofir de Mëtteg eng Resolutioun an der Chamber abréngen, datt den Avis fir jiddweree public gemaach soll ginn. Bei der Ofstëmmung doriwwer misst dann all Deputéierte Faarf bekennen, sou d'CSV-Deputéiert Martine Hansen.