Radioen

On air

Notturno  |  Anna B Savage - In Flux

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Investitiounen a Gardiennage an an ONA-Flüchtlingsstrukturen

ONA

Investitiounen a Gardiennage an an ONA-Flüchtlingsstrukturen

Iwwer déi nächst véier Joer solle bal 119 Milliounen Euro an de Gardiennage an de Flüchtlings-Strukture vum office national de l'accueil investéiert ginn. Dat wier néideg, well ënnert anerem duerch den Ukrain-Krich d'Strukture vum ONA ëmmer méi ausgelaascht sinn, heescht et aus der zoustänneger Chamberkommissioun. Kritik um Gesetzesprojet kënnt ënnert anerem vun Déi Lénk.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir d'Sécherheet vun de Refugiéen ze garantéieren, bräicht een am Ganzen iwwer 700 Gardienen. Dat seet de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun, Yves Cruchten. D'Nathalie Oberweis vun Déi Lénk gesäit an, datt d'Depense fir Sécherheetspersonal dann och entspriechend erop ginn. Si fënnt och, datt dës an hiren Aen "immens grouss Zomm" an engem grousse Kontrast steet zu anere Besoinen a Servicer, déi an de Strukture vum ONA gebraucht ginn.

"Elleng schonn déi materiell Konditiounen, wéi déi Flüchtlinge wunnen. Et huet wierklech all Mënsch Interêt eng Kéier kucken ze goen, wéi déi Leit liewen, op enkem Espace zu esou vill Leit. Déi materiell Konditiounen, do ass de wierkleche Besoin bei immens ville Leit. An och um Niveau vum Encadrement, sozio-edukativ, pedagogeschen Encadrement, kulturellen Encadrement. Dat ass einfach nëmme lächerlech, wat do dra gestach gëtt."

D'Käschte vum Encadrement sinn net esou héisch

Och d'Stéphanie Empain vun Déi Gréng fënnt et wichteg, datt d'Depense fir de Gardiennage a fir de sozialen Encadrement vun de Refugiéen a Proportioun matenee stoe mussen.

Datt de Käschtepunkt vum Encadrement net esou héisch ass, erkläert den Yves Cruchten domat, datt déi respektiv Posten - anescht wéi bei de Gardienen - net ronderëm d'Auer besat sinn. Dofir bräicht een deementspriechend manner Personal. Et wier awer och geplangt, fir méi an den Encadrement ze investéieren.

"Zemools well mir gewuer gi sinn, datt d'Bedreiwer, zum Beispill d'Croix Rouge oder d'Caritas, déi dem ONA hëllefen, datt déi méi Personal zougestane kruten. Si hunn eis awer och ze verstoe ginn, datt et net esou einfach ass fir si fir all déi Leit ëmmer direkt ze rekrutéieren. Dat heescht, datt an Zukunft och do méi Leit wäerte rekrutéiert ginn."

Iwwer den entspriechende Gesetzesprojet soll an den nächste Wochen nach an der Chamber ofgestëmmt ginn, hofft den Yves Cruchten.