Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser fuerdert Konsequenzen

No Demissioun

Fernand Kartheiser fuerdert Konsequenzen

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser kritiséiert den ADR-Generalsekretär an de Parteipresident a fuerdert personell Konsequenzen. D'Parteispëtzt hätt ze séier an ze däitlech op en ëmstriddene Facebookmessage vun der ADR-Politikerin Sylvie Mischel reagéiert, esou de Fernand Kartheiser, Partner vun der Sylvie Mischel, déi deen Ament Vizepresidentin vun der Partei war.

auto_stories

3 min

D'Sylvie Mischel hat de Weekend am Facebookmessage d'Problemer hei zu Lëtzebuerg mat der Migratiounspolitik a Relatioun gesat. De Fernand Kartheiser seet, dee Post wier net rassistesch gewiescht, an dofir hätt d'Parteispëtzt d'Diskussioun am Exekutivcomité sollen ofwaarden, éier se de Post ëffentlech kritiséiert hätt.

De Feeler géif net bei der Sylvie Mischel leien, esou de Fernand Kartheiser:

"Aner Leit mussen doriwwer nodenken, ob si net ze séier ze wäit gaange sinn an dann och doriwwer Konsequenzen huelen. Wéi eng Zort Konsequenze wäerte mir parteiintern diskutéieren. Awer ech mengen, et solle Konsequenze kommen."

D'Reaktioun vum Fernand Kartheiserplay_arrow

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet dem radio 100,7 géigeniwwer preziséiert, datt 10 vun 11 Membere vum Exekutivcomité vun der Partei de Communiqué, deen d'Partei e Méindeg geschéckt hat, guttgeheescht haten. Den eenzegen, dee géint dëse Communiqué gestëmmt hat, wier de Fernand Kartheiser gewiescht.

Jean Schoos wiert sech géint Kritik

Virun der Kritik vum Fernand Kartheiser hat den ADR-Parteipresident Jean Schoos sech géint d'Kritik gewiert, hien hätt d'ADR-Vizepresidentin a Presidentin vun den ADR Fraen erpresst, fir ze erreechen, datt d'Sylvie Mischel no hirem ëmstriddene Facebook-Post hir Funktioune fir de Moment nidderleet.

De Jean Schoos reagéiert op d'Kritik vum Fernand Kartheiser. Foto: Archiv

De Comité vun den ADR-Fraen huet sech de Moien an engem Communiqué entsat gewisen, iwwer déi "erpresseresch Methoden, déi de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning benotzt hu fir dat Zil ze erreechen".

D'Reaktioun vum Jean Schoosplay_arrow

De Jean Schoos géif ganz kloer zeréckweisen, datt hie mat enger virgefaasster Meenung an d'Press gaange wier, esou den ADR-President. Mat der Sylvie Mischel hätt hien eréischt an der Sitzung vum ADR-Exekutivcomité e Méindeg geschwat. Hie weist och d'Virwërf vun Erpressung vu sech:

"Wat ass eng Erpressung? Den Här Penning huet am Virfeld gesot, wa keng Konsequenzen gezu géife ginn, da géif hie goen. Ech mengen, wann d'Madamm Mischel dann anescht reagéiert hätt, da wier den Här Penning gaangen. Dann hätt ee soe kënnen, d'Madamm Mischel huet den Här Penning, wéi soll ech soen, erpresst. Awer ech perséinlech hunn d'Madamm Mischel an där Form do net erpresst."

Am Communiqué vun den ADR Frae kritt awer och de Jean Schoos "erpresseresch Methode" virgehäit. De Jean Schoos distanzéiert sech dovunner:

Reaktioun vum Jean Schoosplay_arrow

"Ech wéisst och net, wéi d'ADR Fraen - vue datt ech der Press an dobaussen näischt matgedeelt hunn, wéisst ech net wou déi Informatiounen hierkomme sollen, an dann hätt ech dat ganz gär iergendwou beluecht, wou ech dann an der Press am Virfeld d'Madamm Mischel - ouni mat hir Récksprooch ze huelen - erpresst hätt. Ech refuséiere ganz kloer, wat meng Persoun ugeet. Ech mengen d'Ausso vum Här Penning ass och bekannt, also d'Kaarte leie ganz kloer um Dësch."

D'ADR Fraen schreiwen och, si géifen hoffen, datt d'Sylvie Mischel um nächste Kongress erëm fir d'Presidentschaft géif kandidéieren. D'Fro, ob hien dat fir méiglech hält, wollt de Parteipresident Jean Schoos net beäntwerten. De Kongress vun den ADR Fraen wier am Prinzip fir Ufank Januar oder Februar 2020 geplangt.