Chamberwahlen 2018 "Stëmm vun der ADR ass wichteg fir d'Gesellschaft"

Bei dëse Wahlen hätt d'ADR d'Chance, datt déi Themen, déi d'Partei géif vertrieden, méi am Zentrum vun der ëffentlecher Opmierksamkeet stéingen, seet de Fernand Kartheiser. D'Leit wiere sech méi bewosst, wéi wichteg d'Thematiken Identitéit, Sprooch an d'Zukunft vum Land wieren.

Mick Entringer / cz

Fernand Kartheiser
Fernand Kartheiser

Déi aktuell Regierung hätt mam Referendum 2015 dozou bäigedroen, d'Sujeten Identitéit, Sprooch an d'Zukunft vum Land ze lancéieren. Beim Referendum hätt d'ADR kënne mat hirer däitlecher Positioun iwwerzeegen, zesumme mat der Beweegung "Nee 2015-Wee 2050", seet de Fernand Kartheiser.

"D'Gesellschaft huet (...) erkannt, wéi wichteg eng Stëmm wéi déi vun der ADR ass", sou de Fernand Kartheiser. D'ADR hätt eng kloer Linn vertrueden an duerchgehalen, anescht wéi aner Parteien, grouss Deeler vun der Press oder aner sozial Gruppéierungen a Gewerkschaften.

"Riets vun der Mëtt"

De fréieren ADR-Parteimember Joé Thein, huet no internem Streit d'ADR verlooss, a seng eege Partei gegrënnt, mam Numm "déi Konservativ". Et wier een der Meenung gewiescht, datt de Joé Thein mat senger Perséinlechkeet an a sengen Aussoen net méi mat der ADR kompatibel gewiescht. Op d'Nofro, ob de Joé Thein der Partei ze riets gewiescht wier, äntwert de Fernand Kartheiser:

"Wat verstitt dir dorënner? Dat ass d'Fro. (...) Well déi Kategoriséierung seet net onbedéngt eppes aus. Wat ass dat? Ech perséinlech sinn e konservative Politiker a stinn an engem allgemenge Parteiespektrum riets vun der Mëtt. Aner Leit bei eis an der Partei gesi sech riicht an der Mëtt vun der Gesellschaft, wat och keng falsch Analys ass."

D'ADR strieft eng Koalitioun mat der CSV un, a versprécht sech bei de Chamberwalen am Hierscht op mannst fënnef Sëtz. Aktuell huet déi Alternativ Demokratesch Reformpartei dräi Deputéiert an der Chamber.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Joe Thein
Déi Konservativ

"Den ADR ass eng Partei, déi de Patriotismus aus populisteschen Ursaache mëssbraucht", seet de Joé Thein. Et wier him net gelonge fir d'Partei, op de "richtege Patriotismus" ëm z'orientéieren.

Gast Gibéryen
ADR

D'ADR hätt bei den nächste Chamberwahlen déi bis elo "bescht Méiglechkeet", fir an d'Regierung ze kommen, mengt de Gast Gibéryen. D'CSV wär an deem Fall de "logesche" Koalitiounspartner.

ADR
Alternativ Demokratesch Reformpartei

Den Ausschloss vum Joé Thein hätt näischt mat den Ambitioune vun der Partei bei de Chamberwahlen 2018 ze dinn, seet den ADR-President Jean Schoos. De Joé Thein schwätzt vun engem interne Muechtkampf.

Kartheiser Riicht Eraus
Fernand Kartheiser

​Virun de Wahlen 2013 ass d'CSV schonn un d'ADR erugetrueden, en vue vun enger eventueller Koalitioun. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser schwätzt vun engem héije Vertrieder, nennt awer keen Numm.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen