Radioen

On air

Notturno  |  Dillendub - Stromausfall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Feminismus ka kee schlecht Wuert sinn"

Weltfraendag

"Feminismus ka kee schlecht Wuert sinn"

"Voix de jeunes femmes" ass e Grupp vu jonke Fraen, deen als Jugendkommissioun vum Conseil national des femmes organiséiert ass, an dee sech fir Chancëgläichheet a géint all Form vu Sexismus asetzt. D'Lou Reckinger, eent vun den éischten a aktiivste Membere vun deem Grupp, ass ganz stolz drop, als Feministin bezeechent ze ginn.

auto_stories

2 min

D'Lou Reckinger appelléiert un hir Alterskolleeginnen ze appreciéieren, wat Fraerechtskämpferinnen aus der Vergaangenheet fir si erreecht hunn:

"All d'Meedercher, déi haut kënnen an d'Schoul goen, déi haut kënnen eng Box undoen, déi kënnen hir eege Saache besëtzen, déi kënnen e Kont opmaachen, déi mussen de Feministen dankbar sinn. Dofir däerf dat kee schlecht Wuert sinn. Et sinn d'Feministen, déi fir eis gekämpft hunn, déi sech virun d'Päerd geheit hu fir eis. Menger Meenung no misste mir dankbar sinn, an hire Kampf weider féiere fir déi Generatiounen, déi no eis kommen."

Als Meedchen hätt si vill Erfarunge gemaach, déi si erschreckt huet: "wéi een ugesi gëtt vu verschiddene Leit op der Strooss, wéi een nogelauschtert kritt par Rapport zu engem Jong an enger Reunioun, wéi ee gesäit, datt Meedercher aner Chancen hu wéi d'Jongen, déi schrecklech Unzuel vu Meedercher, déi schlecht Erfarunge gemaach hu mat sexueller Gewalt, all déi Saache sinn natierlech schlecht Experienzen."

Feminismus wier fir d'Lou Reckinger awer och eng ganz positiv Experienz: "Ze gesinn, wéi mir eis ënner Frae supportéieren an eis zesummen héich schaffen, ze gesinn, wéi grouss Frae Carrière maachen." Dat hätt si inspiréiert a si hätt gesot, datt all Mënsch dës Erfarung kéint maachen. Et wier eng Mëschung vu ganz positiven Experienze mat vläicht e puer Experienzen, déi engem Angscht géife maachen, an déi si op de Wee geleet hunn.