Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Félix Eischen temporär net méi Kielener Buergermeeschter

Burnout

Félix Eischen temporär net méi Kielener Buergermeeschter

De CSV Politiker Félix Eischen schreift an engem Communiqué un d'Kielener Awunner, datt hie seng Charge als Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen aus gesondheetleche Grënn den Ament net méi ausféiere kéint.

auto_stories

1 min

D'Corona-Kris wier eng grouss Belaaschtung fir d'Moral an d'Psych, déi hien och perséinlech gespuert hätt. Wéinst dem zousätzlechem Stress an enger konstanter Iwwerschwaffung wier beim him e Burn-Out diagnostizéiert ginn, esou de Félix Eischen an engem Communiqué.

Hie géif sech an nächster Zäit ëm seng Gesondheet këmmeren a sech engem adequaten Traitement ënnerzéien. D'Awunner vun der Gemeng Kielen géifen an noer Zäit iwwer déi néideg temporär Changementer am Schäfferot informéiert ginn.

Félix Eischen léist och säi Mandat als CSV-Generalsekretär rouen

D'CSV deelt per Communiqué mat, datt de Félix Eischen och säi Mandat als CSV-Parteisekretär mat effet immédiat roue léist. Den CSV-Parteipresident Frank Engel seet op Nofro hin iwwerdeems, datt "et géif eng Panoplie vu Méiglechkeete ginn, iwwer déi zwee aktuell Adjointen eraus". D'Partei géif zäitno eng Decisioun huelen, esou de Frank Engel.