Déi Demissioun hätt hien net kënne ginn, well hien am Summer 2019 een Häerzinfarkt hat, an zu deem Zäitpunkt am Koma war.
De Prinzip vun der Gewaltentrennung
Dat hätt d'Verwaltungsgeriicht missten ënnert d'Lupp huelen, seet den Affekot vum Félix Braz, de Maître Jean-Marie Bauler.
"Mir bleiwen der Meenung, datt mindestens de Riichter d'Recht an d'Obligatioun huet, d'Faiten ze examinéieren. Déi Kompetenz huet an eisen Aen sécherlech de Juge administratif."
Datt d'Verwaltungsgeriicht wéinst dem Prinzip vun der Gewaltentrennung net tranchéiert huet wier korrekt, erkläert de Verfassungsexpert Alex Bodry.
"Et ass eng Rei vu reng politeschen Decisioune ginn, déi net ënnert d'Kontroll vun de Geriichter falen. Dozou gehéiert och traditionell d'Fro vun der Nominatioun, respektiv vun der Revocatioun vun de Ministeren, wat normalerweis jo eng reng politesch Decisioun ass."
Dowéinst géingen d'Geriichter sech net domadder befaassen, ob sou eng Nominatioun oder Revocatioun mam Recht iwwertenee stëmmt oder net, seet den Alex Bodry. Well de Félix Braz weider der Meenung ass, datt d'Geriicht hätt missten tranchéieren, géif een an Appell goen, erkläert de Maître Jean-Marie Bauler.
Och déi zweet Demande gouf vum Geriicht verworf
An deem zweeten Urteel goung et ëm ee Recours géint d'Personalverwaltung vum Staat, vun deem de fréiere Justizminister ee sougenannten 'Traitement d'attente' krut. Dobäi handelt et sech ëm eng Iwwergangsbezuelung, esou wéi de Statut vun de Ministeren dat virgesäit.
Ënnert anerem huet de Félix Braz argumentéiert, datt an deem Statut näischt dra steet iwwert Kompensatiounen am Krankheetsfall. Hien huet do gefuerdert, datt hien änlech ewéi een héije Beamte sollt remuneréiert ginn, erkläert de Jean-Marie Bauler.
"An dem Kontext hu mir een zweete Recours gemaach, wou mir der Meenung sinn, datt dat géint den Artikel 10 vun der Konstitutioun 'Egalité devant la loi de tous' ass."
Ee Minister wier net nëmme politesch aktiv, mee duerch all d'Decisiounen déi hien hellt och administrativ. Dofir géing de Jean-Marie Bauler net agesinn, firwat ee Minister aneschters behandelt sollt gi wéi een héije Beamten. De Verfassungsexpert Alex Bodry ass der Meenung, datt dee Recours aner Froe kann opwerfen.
"Ech géif och éischter mengen, datt déi Jurisprudenz déi mir hei hunn sech aschreift als eng klassesch Interpretatioun vun den Texter wéi mir se bis elo kannt hunn. Wat natierlech net ausgeschloss ass, ass datt et eng Kéier kann zu enger Ëmännerung vun der Jurisprudenz kommen."
D'Verwaltungsgeriicht huet am Urteel d'Demande vum fréiere Justizminister verworf.