Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feelt et geschwënn un Dokteren am Land?

Medezin

Feelt et geschwënn un Dokteren am Land?

Hu mir geschwënn ze mann Dokteren hei am Land? Dat wier net auszeschléissen, seet den neie Gesondheetsminister. Fir e besseren Iwwerbléck ze kréien, huet den Etienne Schneider eng Etüd an Optrag ginn, déi präzis Informatiounen a Chifferen iwwer déi aktuell "démographie médicale" liwwert, also den Ist-Zoustand, déi awer och fundéiert Hiweiser gëtt iwwer zukünfteg Besoinen.

auto_stories

3 min

D'Zuel vun de Generalisten ass tëschent 2010 an 2016 ëm 20 Prozent geklommen. Foto: Bigstock / Morganka.

Dës Etüd soll an zwee bis dräi Méint publizéiert ginn. Bis dohinner ginn et just vague Indikatiounen, wéi zum Beispill d'Estimatioun, datt d'Halschecht vun den Dokteren hei am Land méi wéi 50 Joer ass. 20 Prozent vun den Doktere soll de Pensiounsalter schonn erreecht hunn.

D'Zuel vun de Generalisten ass geklommen

Dat kléngt zwar dramatesch, gëtt awer duerch aner Chiffere relativéiert. Tëschent 2010 an 2016 ass d'Zuel vun de Generalisten ëm 20 Prozent eropgaangen hei am Land, déi vun de Spezialisten ëm 19 Prozent. D'Populatioun ass nëmmen ëm 15 Prozent geklomm, also manner staark.

D'Zuel vun den Doktere seet awer net alles, et kënnt och drop un, wéi vill si schaffen. An do ginn et nennenswäert Ännerungen. Den Dokter Nico Haas, deen d'Formatioun vun de Generalisten op der Uni Lëtzebuerg koordinéiert, nennt konkret Zuelen: 573 Hausdoktere wiere bei der Sécurité sociale agedroen. Dovunner géifen der 330 eng 1.600 Akte pro Joer maachen, wat aacht Patienten den Dag, 5 Deeg an der Woch, während 10 Méint entsprécht.

Eng aner Work-Life-Balance

Jonk Dokteren hunn, oder wëllen, eng aner Work-Life-Balance wéi fréier Dokteschgeneratiounen. Dat confirméiert den Frédéric Schwarz, de President vun der ALEM, dat ass d'Associatioun vun de Medezinsstudenten:

"Mir mussen eis bewosst sinn, dat déi nei Generatioun net méi gewëllt ass, 70-80 oder méi Stonnen d'Woch ze schaffen. Fir ee Generalist vum ale Schlag ze ersetzen, dee vill geschafft huet, brauche mir haut séier zwee bis dräi nei Dokteren."

Studium zu Lëtzebuerg ausbauen

An der Analys vum Gesondheetsminister gëtt et nach en aneren Aspekt, deen erkläert, firwat et zu Lëtzebuerg net esou vill Doktere gëtt, wéi et der u sech kéint ginn. Den Etienne Schneider erkläert, datt et zum Beispill e Phänomen géif ginn, datt ëmmer méi Jonker, déi am Ausland Medezin studéiere ginn, net méi zeréck op Lëtzebuerg kommen, well si sech do agelieft hunn.

Fir deem entgéint ze wierke soll engersäits d'Medezinsformatioun op der Uni Lëtzebuerg ausgebaut ginn, fir datt d'Studenten eben net méi fort mussen. Konkret geschafft gëtt jo schonn un engem komplette Bachelorzyklus, also dräi Joer vun der Rentrée 2020 un. Wann dee bis leeft soll iwwer d'Opportunitéit vun engem Master an der Medezin nogeduecht ginn.

Sech anescht andeelen

Anerersäits soll de Beruff méi attraktiv gemaach ginn: Dokteren, déi zesumme mat aneren eng Gruppepraxis grënnen, kréie jiddereen 10.000 Euro Startkapital. A wa si dann do bis Apparature benotzen däerfen, déi haut nach de Spideeler virbehale sinn, da gëtt d'Saach och nach méi lukrativ. An net ze vergiesse mussen déi Dokteren, déi zu puer eng Praxis hunn, net alleguerte vu moies fréi bis owes spéit an der Praxis sinn, mee kënnen op Schichte schaffen a sech ganz anescht andeelen.

D'Associatioun vun de Medezinsstudente begréisst dat alles, wëll awer fir de Rescht keen ze vill schwaarzt Bild vun der Zukunft molen. Et wier nach ëmmer attraktiv hei zu Lëtzebuerg Dokter ze ginn an ze sinn. Materiell souwisou, mee och well een hei am Land eng grouss therapeutesch Fräiheet oder Verschreiwungsfräiheet huet, déi et an där Form an den Nopeschlänner net gëtt, seet den Frédéric Schwarz. Dat wieren Atouten, déi ëm all Präis missten erhale bleiwen, fënnt hien.