arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feelerquot läit bei bis zu 20 Prozent

Covid-Tester

|
headphones

1 min

Feelerquot läit bei bis zu 20 Prozent

Ee positive Corona-Test, deen duerch en Ofstréch am Hals oder an der Nues gemaach gouf, misst net nach eng Kéier kontrolléiert ginn, schreift d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Spezifizitéit bei esou Tester géif bei 99 bis 100 Prozent leien.

headphones

1 min

​Bei negativen Tester ass et manner sécher, well do och d'Sensibilitéit eng wichteg Roll spillt. An déi hänkt vu ville Facteuren of, zum Beispill d'Qualitéit vum Ofstréch an de Moment vum Ofstréch par rapport zu der Infektioun, äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Bei negativen Test-Resultater géif een dofir dervun ausgoen, datt bis zu 20 Prozent vun dene Resultater "falsch negativ" kënne sinn, an also bestoend Infektioune kéinte verpassen. D'Paulette Lenert seet awer: wann eng Persoun negativ getest gouf, an awer Covid-19 Symptomer huet, dat gëtt geroden, den Test ze widderhuelen.