An enger parlamentarescher Fro hat d'Paulette Lenert rezent vu bis zu 20 Prozent falsch-negative Resultater bei Covid19-Tester geschwat. De Virolog Claude P. Muller mengt, datt dës Zuel dorop zeréckzeféieren ass, datt am Ufank d'Sensibilitéit vun den Tester nach net esou héich war wéi elo. Bei deenen Tester hätt misste méi Virus am Echantillon present sinn, fir datt den Test positiv ausfält.
Mëttlerweil hätten d'Tester awer eng méi héich Sensibilitéit an et misst keng sou grouss Quantitéit vum Virus am Echantillon sinn, fir en och ze detektéieren. Doduerch wieren d'Tester méi fiabel an de Virus kéint och méi fréi detektéiert ginn. Fir de Virolog Claude P. Muller huet d'Ausso vun der Gesondheetsministerin also eppes domat ze dinn, datt d'Tester am Ufank vun der Pandemie net esou sensibel waren.
Den Zäitpunkt vum Test ass wichteg
Eng Schwieregkeet bei den Tester bleift awer, datt d'Inkubatiounszäit vum Virus ka variéieren: et dauert bei all Patient ënnerschiddlech laang, bis genuch Quantitéit vum Virus an der Schläimhaut ass, fir bei engem Test detektéiert ze ginn.
Dat ass och bei de Large Scale Tester de Fall, seet den Ulf Nehrbass, Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health:
"Wenn wir Menschen im Large Scale Test haben, die gestern infiziert wurden und die heute getestet werden, dann werden wir natürlich keinen Virus finden, weil kein Virus da ist."
Den Ulf Nehrbass konnt awer net soen, bei wéi vill Patienten de Fall ass, mee hie preziséiert awer: "Sobald das Virus vorhanden ist, also nachweisbar ist, werden wir das im Large Scale Test finden."