Well d'Energiezentral an enger Zon gebaut gëtt, déi vun Héichwaasser betraff ass, huet d'Gemeng och misse Pläng beim Waasserwirtschaftsamt areechen. Och vun där Verwaltung géif awer d'Autorisatioun nach feelen. Mëtt Juli huet de Buergermeeschter nach an enger Sëtzung vum Gemengerot gemengt, datt ee gréng Luucht fir de Bau hätt. Déi weider Aarbechten um Réibau vun der Energiezentral sollen elo eréischt weidergoen, soubal d'Geneemegunge virleien. Den 28. Juli ass um Verwaltungsgeriicht eng Plainte géint d'Gemeng wéinst dem Bau agereecht ginn. D'Plainte bezitt sech op déi net autoriséiert Baugeneemegung vun der Gemeng, den Auteur vun der Plainte wëll, datt d'Geneemegung annuléiert gëtt.
Déi gréng Gemengeconseillère Carole Zeimetz kritiséiert, datt de Buergermeeschter Yves Wengler sech net an der Schold gesäit. Obwuel juristesch net alles korrekt wier, géif probéiert ginn den Dossier virun ze drécken. Och der Oppositioun géif de Projet um Häerz leien, mee dofir misst en awer richteg ugepaakt ginn. "[...] an dat ass net déi éischte Kéier hei zu Iechternach, an dofir wollte mir do dohannert bleiwen natierlech."