Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Wirtschaftlech Reprise gouf ofgebremst

Lëtzebuerger Wirtschaft

FEDIL: Wirtschaftlech Reprise gouf ofgebremst

Déi Lëtzebuerger Industriebetrieber sti virun engem schwierege Spagat: D'Sortie aus der Pandemie huet ugangs vum leschte Joer fir eng gudd Reprise gesuergt. Problemer an de Liwwerketten, Produktiounsschwieregkeeten a China an de Krich an der Ukrain hunn déi Reprise nees gestoppt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dobäi kommen elo och nach d'Onsëcherheete bei der Energieversuergung mat eventuellen Importstoppen. Natierlech misst een en Importstopp ëmsetzen, wann déi politesch Decisioun géif falen. Beim Pëtrol kënnt Lëtzebuerg nach eenegermoossen Alternative fannen, beim Gas géif et dann awer ganz zolidd Repercussioune ginn, sou den Direkter vun der FEDIL René Winkin bei der Presentatioun vum Joresrapport.

Datt d'Klimaziler dowéinst net géifen erreecht ginn, mengt de René Winkin net, d'energetesch Transitioun kéint grad elo och eng Chance sinn.

"Et gëtt Grënn, firwat een elo kéint mengen, datt et elo méi schwéier gëtt fir d'Energietransitioun ze maachen, well Saache feelen. Op där anerer Säit gëtt et eigentlech gutt Grënn fir et nach méi séier mussen ze maachen. Mee, kréie mer déi Enner beieneen? Also mir probéiere wierklech et positiv unzegoen a ginn do net op, well mer och iwwerzeegt sinn, datt wa mer elektrifizéiert kréien, wann dat da bis gelongen ass, misst dat erëm méi Sécherheet a méi Previsibilitéit kënne gi fir d'Industrie."

Präisdeierecht bleift och fir d'Betriber e Probleem

Momentan géifen et awer och Lëtzebuerger Betriber ginn, déi vill gefrot wieren, dozou gehéiere Cargolux, Arcelor Mittal a Betriber déi alternativ Energieinstallatiounen ubidden.

Momentan giffen et awer och letzebuerger Betriiber gin di vill gefrot wieren, dozou gehéiere Cargolux, Arcelor Mittal a Betriber di alternativ Energieinstallatiounen ubidden.

Allgemeng stéing déi Lëtzebuerger Industrie awer och virum Challenge vun der Deierecht an der domadd verbonnener Inflatioun. Eng Inflatioun, déi ganz laang kéint unhalen, sou d'Fedil-Presidentin Michèle Detaille. An dem Kontext géif ee sech zefridde weisen mat de Resultater vun der Tripartite. Déi misst an Zukunft awer och Äntwerten op aner Froe liwweren, wéi just d'Erhale vun der Kafkraaft.