Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: "Et muss iwwer eng Upassung vum Index geschwat ginn"

Invité vum Dag

FEDIL: "Et muss iwwer eng Upassung vum Index geschwat ginn"

Den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL warnt, et misst een oppassen, datt d'Lounerhéijungen duerch den Index an de nächste Méint net zu "perversen Effekter" féiert.

auto_stories

1 min

Et misst ee verhënneren, datt nieft den héijen Energiepräisser och nach d'Lounkäschte fir d'Betriber explodéieren, esou de René Winkin am 100,7-Interview.

"Mir mussen och evitéieren, datt mer ee Rhythmus vu Lounkäschte kréien, deen herno dozou féiert, datt nieft enger Präisexplosioun bei verschidde Matière premièren an Energie, och nach eng Präisexplosioun bei de Servicer kënnt."

De FEDIL-Direkter betount hie wéilt den Indexsystem u sech net a Fro stellen. Hien ass awer der Meenung, datt een net dolaanscht kënnt de Mechanismus un déi aktuell Situatioun "unzepassen".

"Et dierf een net vun dem Moment profitéiere fir ze soen: Mir stellen den Index en tant que tel oder mir wëllen en defiguréieren. Well da wësse mer, datt zu Lëtzebuerg weder d'Politik nach d'Sozialpartner bereet wieren an eng Diskussioun ze goen. Ech mengen, datt een awer muss eng Diskussioun féieren, déi der Situatioun gerecht gëtt."

Et wier nach ze fréi fir ze soen, wéi esou eng Upassung kéint ausgesinn, esou de René Winkin. Déi Diskussioun misst d'Regierung zesumme mat de Sozialpartner féieren.