Radioen

On air

Notturno  |  Lady Wray - Piece Of Me (Remix) Feat. Ghostface Killah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Et geet net ouni Wuesstem

Wirtschaft

FEDIL: Et geet net ouni Wuesstem

Problemer wéi de Logement oder d'Mobilitéit sinn net mat engem wirtschaftleche Réckgang ze léisen, seet d'Presidentin vun der FEDIL. Et wënscht ee sech och eng Diskussioun iwwer e gedeckelten Index.

auto_stories

2 min

D'Michèle Detaille, Presidentin vun der FEDIL.

Den "Apostele vun der Décroissance" hält d'Michèle Detaille, Presidentin vum Industrielle-Verband FEDIL entgéint, datt eise Liewensstandard an déi gutt Sozialsystemer hei am Land nëmme mat Wuesstem erhal kéinte ginn. Et wier falsch ze mengen, datt Problemer wéi de Logement oder d'Mobilitéit mat engem wirtschaftleche Réckgang ze léise wieren.

D'FEDIL-Presidentin hofft zudeem, datt d'Walcampagne Beweegung an d'Index-Diskussioun bréngt: et wier iwwerfälleg iwwer e gedeckelten Index nozedenken.

35-Stonne-Woch ausser Fro

Vun enger eventueller Aarbechtszäit-Verkierzung hält d'Industrielle-Federatioun guer näischt. D'Michèle Detaille streit net of, datt jonke Leit eng gutt work-life-balance méi wichteg ass wéi eng déck Pai, mee "ce que veulent les gens, ce n'est pas moins de travail, c'est plus de temps à eux."

De Gewerkschafte wäerft d'Michèle Detaille vir, net mat der Zäit gaang ze sinn:

"On a parfois l'impression que chez certains syndicalistes on en est encore au début du 20ème siècle. (...) Les gens ont changé de mentalité. On est loin du moment où Monsieur partait avec ses tartines pour aller travailler toute la journée, et où Madame restait à la maison et faisait tourner la boutique à la maison."

Amplaz iwwer eng Reduktioun, sollt een éischter iwwer eng Flexibiliséierung vun de Schaffzäite schwätzen, sou nach d'Michèle Detaille.