Dat wier och esou am OECD Rapport notéiert ginn. Et kéim nach en zweeten Aspekt dobäi, sou d'Corinne Cahen. Eeler Leit géifen zu Lëtzebuerg vill méi laang doheem betreit ginn, wéi an anere Länner, sou d'Familljeminsiterin.
"Doduerch, datt eis Reseaue sou gutt entwéckelt sinn an d'Leit doheem kënne betreit ginn, ginn d'Leit bei eis vill mi spéit eréischt an eng Struktur wéi an den aner Länner. Dat ass den éischte Constat dee si maachen am Rapport, sou datt bei eis d'Leit natierlech vill méi vulnerabel sinn, wann se bis an eng Struktur fir eeler Leit ginn."