arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljeministère: Bis elo 11 Demanden accordéiert

Héichwaasser

|
reading time

1 min

Familljeministère: Bis elo 11 Demanden accordéiert

De Familljeministère huet bis elo 11 Demandë fir finanziell Hëllefen nom Héichwaasser accordéiert. Dësen Dënschdeg war fir d'éischte Kéier no der Katastroph déi Kommissioun zesummen, déi fir sozial Hëllefen am Fall vun Naturkatastrophen zoustänneg ass.

reading time

1 min

15 Demandë vu Privatleit goufen do analyséiert, véier dovu goufe refuséiert well se net de Krittären entsprach hunn, sou de Ministère op Nofro hin.

Am Ganze si bis Ugangs dëser Woch 77 Demanden erakomm, déi meescht dovu waren net komplett an et mussen Dokumenter nogereecht ginn. De Groussdeel vun den Ufroe betrëfft den Ersatz vun Haushaltsapparater, mee och Heizungen. Fir déi eelef Dossieren gi ronn 35.000 Euro ausbezuelt.

Wéi vill Hëllefen an den eelef Fäll wäerten ausbezuelt ginn ass nach net kloer. Nom Tornado zu Péiteng am Joer 2019 waren am ganzen 390.000 Euro un 39 Menagen iwwerwise ginn. Informatiounen doriwwer wien Hëllefe kann ufroe - a wéi - sinn op guichet.lu ze fannen.