Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Falsch Informatiounen an Zäite vu Covid-19

Coronavirus

Falsch Informatiounen an Zäite vu Covid-19

An Zäite vu Covid-19 si vill Informatiounen am Internet, an Chat-Programmer an op de soziale Medien ënnerwee, an domat automatesch och vill Falschinformatiounen. A verschiddene Fäll ass den Ënnerscheed tëschent Informatioun a Manipulatioun liicht ze gesinn an aneren awer net. Mat enger Web-Applikatioun wëllt den Zentrum fir politesch Bildung dobäi hëllefen, dësen Ënnerscheed besser ze erkennen.

auto_stories

2 min

Et misst een oppassen, wann een am Internet ënnerwee wier, esou de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung an net nëmmen elo, wou d'Haapttheema den neiaartege Coronavirus ass. Fake News géifen zu eiser Zäit dozou gehéieren an zum Deel wieren d'Leit och schonn dofir sensibiliséiert.

"D'Gefor ass awer natierlech, datt ee kengem méi eppes gleeft, mee dat kann et an dësen Zäite jo awer och net sinn. Ech mengen et muss ee Leit hunn, an déi ee Vertrauen huet, et muss een Informatiounsquellen a Medien hunn, deenen een nach vertraue kann. Et dierf een, mengen ech, net an dat anert Extrem falen a kengem méi eppes gleewen."

Dofir wier et wichteg ze hannerfroen an net alles ze gleewen, wat engem presentéiert gëtt. Déi éischt Fro wier: Wou kennt et hier? Wien ass den Auteur? Wier dat net kloer, wier d'Warscheinlechkeet grouss, datt et eng Falschinformatioun wier, seet de Marc Schoentgen.

propaganda.guide

Dat nächst wat ee sech froe muss, ass: Wat wëllt deen, deen dohannert stécht? Wat wëllt ee mat dësem Contenu erreechen? D'Intentioun hanner enger Informatioun wier wichteg, seet den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.
Fir nach weider Hëllef mat op de Wee ze ginn, huet den Zentrum fir politesch Bildung eng Web-Applikatioun entwéckelt, mat där een nach méi einfach Falsch-Informatiounen identifizéiere kann: propaganda.guide

"Do sinn zéng Froen dran, an d'App hëlleft engem duerch dës Froen ze goen, wann een eng Noriicht, e Video, eng Audio-Noriicht oder e Bild huet. Wann ee sech déi zéng Froe gestallt huet, da kuckt ee sech duerno d'Resultat un, dat engem déi Web-Applikatioun erausgëtt. Do kritt een eng Recommandatioun, zum Beispill datt d'Chance relativ grouss ass, datt dat eng Fake News ass."

Dës Web-Applikatioun fënnt een och um Site vum Zentrum fir politesch Bildung: zpb.lu. Op där Säit fënnt een nach weidert Material fir Kanner op d'Gefor vun de Fake News opmierksam ze maachen.
Als Zentrum fir politesch Bildung kéint een net jiddwereen informéieren oder all Falschinformatioun identifizéieren, seet de Marc Schoentgen. Dofir géif een drop setzen, datt Multiplicateure wéi Elteren oder Léierpersonal d'Kanner sensibiliséieren. Et géif drëms goen, Reflexer ze entwéckelen an Noriichten a Biller ze hannerfroen.