De Video hunn Millioune Leit gesinn. Déi lescht Wierder vum Afro-Amerikaner George Floyd si jidderengem bekannt. "I can't breathe": dee Saz ass an de Wochen a Méint nom Doud vum 46-Joer ale Familljepapp zu engem Slogan géint de Rassismus a géint d'Police-Gewalt ginn. De Fait datt jiddereen de Fall esou gutt kennt, ass och de Grond firwat de Riichter dräi ganz Woche virgesinn huet fir zwielef Membere fir de Jury ze fannen. Si mussen all Neutralitéit weisen, a wa méiglech net ze vill vum Fall wëssen.
Jurymembere dierfe keen Doute hunn
De ganze Prozess gëtt live iwwerdroen, wat rar ass am Staat Minnesota. Mee wéinst der Covid-19 Pandemie ass net genuch Plaz fir de Public am Sall. Wéinst deem Grond geet de Prozess och just mam wäissen Ex-Polizist Derek Chauvin lass. Fir déi dräi aner Ex-Polizisten, déi beschëllegt ginn, dem Chauvin bei senger Dot gehollef ze hunn, ass keng Plaz.
D'Stad Minneapolis ass gespaant op de Prozess, mee och nervös. Wéinst der Angscht vu gewaltsame Manifestatioune wéi am Mee goufe Barrièren a pickegen Drot ëm d'Gebai opgebaut. D'Nationalgard steet och prett fir anzegräifen, wéi datt och scho lescht Joer de Fall war.
Déi zwielef Membere vum Jury dierfe keen Doute hunn fir den Derek Chauvin fir schëlleg ze erklären. Och wann de Video d'Saach, esou schéngt et op d'mannst, relativ kloer mécht, ass Mord vun zweetem Grad schwéier ze beweisen. De Chauvin muss dës Gewaltdot wëlle bewosst gemaach hunn. Säin Affekot wäert de Jury iwwerzeege wëllen, datt et sech ëm en trageschen Accident handelt, mee och datt Drogen déi am George Floyd sengem Kierper fonnt goufen an zu sengem Doud bäigedroen haten.
E Verdikt ass net virum Abrëll ze erwaarden. Dat ass dann och de Moment wou d'Angscht vu Gewalt zu Minnesota am Gréisste wäert sinn.