Jean-Claude Franck: Gëschter (Mëttwoch) war eng Wirtschaftskommissioun an der Chamber, an där de Point vum Dossier Fage gemaach gouf. De sozialistesche Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet dono gemengt, de Beetebuerger Schäfferot wier aus Prinzip géint d'Implantatioun vun där Fabrick vu Fage zu Beetebuerg an Diddeleng. Ass dat esou?
Laurent Zeimet: De Beetebuerger Schäfferot ass un eng Resolutioun gehalen, déi en am Mäerz 2018 gestëmmt huet. An där Resolutioun huet de Gemengerot seng Skepsis zum Ausdrock bruecht wat d'Implantatioun vun der Jughurtsfabrick ubelaangt.
Heescht dat, datt Dir d'Autorisatioune bis un de Schluss net wëllt ginn, oder datt wa Verbesserunge kommen, Dir Iech et nach eng Kéier iwwerleet?
De Ball läit den Ament an der Stad. Do mussen Decisioune geholl ginn a kloer gesot ginn, ob si déi Fabrick wëllen. Da lafen d'Prozeduren hiren normale Gang. Elo steet eng Commodo-Incommodo-Prozedur un, dat misst déi nächst Etapp sinn. Da kënnen och d'Leit sech zu Wuert mellen an hir Observatioune maachen, selbstverständlech wäert och de Schäfferot sech mat där Saach dann nach eng Kéier auserneesetzen, an da musse mir kucken, och wéi den Dossier evoluéiert huet.
Fakt ass, datt Dir op zwee Punkte kënnt blockéieren, et muss engersäits eng Baugeneemegung erausgoen, och mussen nach Terraine reklasséiert ginn. Vum Prinzip hir hutt Dir d'Méiglechkeet Nee ze soen. Wäert Dir blockéieren?
Et geet hei net ëm blockéieren, mee datt Prozeduren hiren normale Laf hunn, a mir sinn nach laang net bei der Baugeneemegung an och laang net beim Reclassement. Mir waarden am Moment op d'Approbatioun vum Bebauungsplan,g a wann deen doduerch ass, mussen nach verschidden Ännerunge gemaach ginn. Mir waarden och op d'Plans sectoriels, do waarde mir jo och drop, wat an der Stad decidéiert gëtt. D'Baugeneemegung ass ganz um Enn vun der Prozedur, iwwer déi maachen ech mir nach keng Gedanken.
Hat Dir da scho Reunioune mat Fage, fir iwwer är Suerge wéi de Resourcëverbrauch an d'Verkéiersopkommes, hu Dir do scho kënne mat der Firma selwer driwwer schwätzen?
Mir haten nach keng Reunioun mat der Entreprise.
A vu wou hutt Dir Är Informatiounen?
Eisen direkten Uspriechpartner war bis elo ëmmer de Wirtschaftsministère. D'Dossiere sinn ëmmer vun do komm.
Wat erwaart Dir Iech dann elo als Äntwerten op Är Suergen?
Mir hunn am Kader vun der Impaktstudie eis Observatioune gemaach. Mir ware mat deenen Äntwerten net onbedéngt zefridden. Et geet ëm de Waasserverbrauch, ëm d'Ofwaasser, ëm d'Mobilitéit, ëm deen zousätzleche Verkéier, dee wäert op d'Regioun zoukommen. Mir hunn haut schonn eng schwiereg Situatioun. Mir sinn am Gaangen e Mesurëkatalog ofzeschaffe fir d'Situatioun ze verbesseren. Do si mir nach laang net um Enn ukomm. Eis ass et wichteg, datt mir do eng Verbesserung verspieren, éier mir d'Regioun mat zousätzlechem Verkéier belaaschten.
Dat heescht jo awer, datt Dir gär Satisfaktioun hätt, éier Dir iwwer Autorisatiounen nodenkt?
Mir soe sécherlech net einfach "Jo an Amen". Mir hunn eis Observatioune gemaach, mir hunn eis Suergen zum Ausdrock bruecht, a mir ginn elo mol dovun aus, datt déi och wäerte berücksichtegt ginn.
Wann ekologesch Kompensatioune musse gemaach ginn, dann hätt de Ministère gär, datt en Deel vun der Aktivitéitszon zeréck als Gréngzon klasséiert gëtt. Och wann et staatlech Terraine sinn an net vun der Gemeng: Sidd Dir bereet als Gemeng (quitt datt et net Är Terraine sinn, mee déi Terrainen awer op Ärem Territoire leien) op en Deel vun där Aktivitéitszon ze verzichten?
Et ass jo eng national Aktivitéitszon. Do stellt sech d'Fro: Ass de Staat bereet, einfach op déi Terrainen ze verzichten? Sou wäit mir informéiert sinn, sinn Aktivitéitszonen nach relativ rar am ganze Land. Dat muss fir d'éischt an der Stad gekläert ginn. Da stellt sech d'Fro vun de sektorielle Pläng, ob déi Terrainen och do als Gréngzon zréckbehale ginn. Och dat muss fir d'éischt muss an der Stad gekläert ginn.
Et héiert ee bei Iech ëmmer erëm eraus, datt Dir sot, et ass elo um Staat, oder an der Stad, wou déi Decisioune musse geholl ginn. Dat heescht, Dir gesitt Iech elo net um Drücker, wéi dat vum Etienne Schneider duergestallt gouf?
Ech denken, et ass en Dossier, dee vum Wirtschaftsministère un d'Rulle bruecht ginn ass. Da ginn ech dovun aus, datt et säin Dossier ass. Da soll hien dofir suergen, datt säin Dossier nozevollzéien ass. Dat ass en a wesentleche Punkten den Ament net.
Wat eis och gestéiert huet ass, datt déi Terraine verkaaft goufen (u Fage). Dat ass esou net üblech. Mir ware selwer laang op der Sich no Terraine fir eis Gemengenatelieren an och do ware mir op de Wirtschaftsministère zougaange fir Terrainen ze kréien. Do war et ausser Fro, datt mir déi Terraine géife verkaaft kréien, dat heescht d'Gemeng kritt den Droit de superficie, also d'Notzungrecht, sou wéi dat normalerweis bei Entreprisë gemaach gëtt.
Den Dossier ass elo zanter e puer Joer am Gaangen, Dir hutt är Suergen ëmmer nees zum Ausdrock bruecht. Spiert Dir dann elo, datt de Wirtschaftsministère oder Fage géifen op Iech zoukommen a mat Iech schwätzen? Gëtt et do Kontakter oder Reuniounen. Wat erwaart dir Iech do?
Ech erwaarde mir, datt de Commodo-Incommodo gemaach gëtt an datt dann och kloer ass, wéi vill Waasser da verbraucht gëtt a wéi et mam Ofwaasser soll weidergoen, wat fir een Transport wäert op d'Regioun duerkommen a wéi ee sécherstelle kann, datt d'Mobilitéit sech net weider verschlechtert.
De ganzen Interview vum Jean-Claude Franck mam Laurent Zeimet: