Et ass net fir d'éischte Kéier, datt en Investisseur sech hei am Land wëllt etabléieren, an datt en no ëffentlecher Polemik nees senger Wee geet. Knauf wollt hei am Land Isolatiounsmaterial produzéieren, och mat der Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère, mee no Kritik vun ënner anerem de Gemengen huet den däitsche Konzern decidéiert anzwousch anescht d'Loft ze verknaschten. An da war do och Qatar Airways, déi vum deemolege Finanzminister Luc Frieden als Co-Aktionär an d'Cargolux geholl gouf, bis datt och den Akbar Al Baker senger Wee gaangen ass: Seng Pläng fir d'Cargolux zesummenzeschrumpfen sinn him ze vill hei ëffentlech diskutéiert a kritiséiert ginn. Ass Lëtzebuerg also e Land, an deem een net investéiere kann? Mat deem een net kann zesummeschaffen? Et wier lächerlech dat ze behaapten. Lëtzebuerg lieft vu senger Oppenheet a vum internationalen Handel. Iwwer d'Fongeplaz transitéieren iwwer 4.000 Milliarden Euro, grouss multinational Firme wéi Arcelor Mittal hunn hire Sëtz hei am Land, an och d'Cargolux flitt nach ëmmer monter virun - net méi mat engem Co-Aktionär aus dem Katar, mee aus China.
Et brauch en transparenten Ëmgang mat esou Projeten
Am Fong toleréieren d'Lëtzebuerger zimmlech vill, a si interesséiere sech och dacks net fir den Detail, esoulaang de Buttek leeft. Datt verschidde Projeten awer méi kritesch ënner d'Lupp geholl ginn, maach sinn. A Grënn dofir kënnen et der vill ginn. Mee dozou sief gesot, datt et an enger Demokratie normal ass, datt Projeten diskutéiert ginn. Och ëffentlech. Et ass positiv, wann d'Bierger no der Aarbecht net just mam Auto an hir Garage fueren a virun der Tëlee hocke bis si moies nees schaffe ginn.
Als Investisseur muss een dat wëssen, an als Wirtschaftsministère och. An dofir gëtt et just eng Manéier fir gutt domat ëmzegoen: transparent, am Dialog mat de Leit. Et kann een net eng Pressekonferenz maachen, e Projet annoncéieren an dann all Diskussioun aus dem Wee goen.
D'Problemer un der Wuerzel upaken
An da kann een als Wirtschaftsministère och net engem Investisseur falsch Hoffnunge maachen, andeems een em schonn e raren Terrain an enger nationaler Industriezone verkeeft, laang éier gewosst ass, ob de Projet iwwerhaapt d'Autorisatiounsprozedur iwwersteet. An Zäite vu Klimawandel a vu Ressourcëknappheet an engem Land, dat elo schonn d'Groussregioun aussuckelt fir säin eegenen Honger ze stëllen, misst all Investisseur vun Ufank u gesot kréien, wou déi rout Linne sinn, an da kann een nach ëmmer zesumme kucken, ob ee gutt Léisunge fënnt fir deene roude Linne Rechnung ze droen.
Et ass einfach um Enn op déi ze schéissen, déi mam Fanger op Problemer hiweisen. D'Lektioun vun der Geschicht sollt sinn, datt een de Problem besser un der Wuerzel upéckt. An dësem Fall wier dat e gutt Stéck méi professionell gewiescht.