Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Facebook & Google: Ëffentlech Infrastruktur?

Dateschutz

Facebook & Google: Ëffentlech Infrastruktur?

Sozial Netzwierker wéi Facebook oder Sichmaschinne wéi Google kéinten - ähnlech wéi d'Energie oder d'Waasserversuergung - als essentiell ëffentlech Servicer consideréiert ginn, déi zu engem natierleche Monopol tendéieren. An deem Fall misste se anescht reguléiert ginn. Dateschutzproblemer kéinten da méi efficace geléist ginn, ewéi mat der neier EU-Richtlinn, déi op dësem 25. Mee a Kraaft trëtt.

auto_stories

3 min

De liberalen Europadeputéierte Guy Verhofstadt sot dës Woch am CNN-Interview, Facebook misst der Kontroll vun enger ëffentlecher Autoritéit ënnerstallt ginn:

"Mir kënnen d'Protectioun vun de Bierger an hirer Privatsphär, an och d'Rechtsstaatlechkeet net outsourcen, un eng privat Entreprise, déi ee Monopol huet."

Fir d'Verhale vu Facebook an de Grëff ze kréien, géif och déi nei Dateschutzrichtlinn, déi haut a Kraaft trëtt, net duer goen, esou de Guy Verhofstadt. Wann et ëm Monopoler geet, verléieren also souguer Liberaler de Glawen un d'Selbstregulatioun vum Marché.

Tendenz zum Monopol

Facebook huet de facto a ville Länner eng dominant Maartpositioun. D'Konkurrenz spillt manner, wéinst dem Netzwierk-Effekt: Jiddereen huet Interêt op där Plattform ze sinn, wou en a Kontakt mat engem Maximum vu Leit an aneren Acteure ka kommen.

Gläichzäiteg ass de Service, dee Facebook liwwert, haut kaum nach ewech ze denken. Et kéint een dat soziaalt Netzwierk also als ee fir d'Ëffentlechkeet essentielle Service gesinn, deen zu engem natierleche Monopol tendéiert. Dat selwecht gëtt zum Beispill och am Hibléck op d'Sichmaschinn Google diskutéiert.

Léisungsvirschléi

Als Léisung gi verschidden Optiounen diskutéiert, wéi se am Beräich vun der ëffentlecher Infrastruktur (vum Stroum- bis zum Schinnereseau) a Versuergung (vum Waasser bis zur Informatioun) scho laang bekannt sinn. D'Konzerner kéinten opgebrach, méi streng reguléiert, oder hir Servicer duerch eng ëffentlech-rechtlech Offer ersat ginn.

Am Fall vu Facebook hält den US-amerikanesche Jurist Tim Wu déi lescht Optioun fir sënnvoll. De Geschäftsmodell vu Facebook wier esou ausgeriicht, datt eng maximal Iwwerwaachung vun den Notzer néideg ass, fir Publicitéit ze verkafen oder anescht Revenuen ze generéieren: De Client ass de Produit a wie seng Privatsphär konsequent wëll schützen, muss op eng Memberschaft verzichten, also déi sozial Isolatioun wielen.

Service Public?

Amplaz kéint een "alternatiivt Facebook", ähnlech wéi d'Online-Enyclopedie Wikipedia, vun enger Non-Profit Organisatioun gedroe ginn, déi weider op Recherche an Innovatioun setzt. Ähnlech wéi déi ëffentlech-rechtlech Radio- an Tëleesoffer, kéint d'Plattform vun der Allgemengheet finanzéiert ginn, an esou gratis a fir jiddereen accessibel bleiwen.

Ganz realistesch ass déi Iddi net, aus ville Grënn. Dorënner wuel och een ideologeschen: Déi gëllen Zäite vum Service Public si vläicht schonn eriwwer. Transport, Energie, Waasser, Gesondheet - an alle Beräicher gëtt privatiséiert. Ëffentlech-rechtlech Medie stinn a ville Länner ënner Drock. A wéinst Iwwerwaachung an Zensur um Internet stellt sech och d'Fro, ob ee Staat oder déi international Communautéit hei wierklech eng credibel Alternativ kënne bidden.

Dateschutzrichtlinn: Éischte Schrëtt

Bleift déi méi realistesch Optioun fir d'Monopolstellung vu Facebook & Co ze limitéieren an duerch eng ëffentlech Kontroll wesentlech méi streng z'encadréieren. D'EU mécht haut mat der neier Dateschutzrichtlinn een éischten, virsiichtege Schrëtt an déi Richtung.

De grondsätzleche Problem, datt d'Notzer kaum een anere Choix hunn, ewéi sech vun dëse Konzerner ausspionéieren ze loossen, bleift fir den Ament awer bestoen.