Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EZB setzt Zënstaux op 4% erop

Europäesch Zentralbank

EZB setzt Zënstaux op 4% erop

D'Europäesch Zentralbank huet en Donneschteg den Zënstaux ëm 0,25 Prozentpunkten op elo 4% eropgesat. Uersaach ass nach ëmmer déi zevill héich Inflatioun.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et ass schonn den aachten Zënsschrëtt hannerteneen deen déi europäesch Zentralbank decidéiert, der Presidentin Christine Lagarde no wier dat noutwendeg well d'Inflatioun ëmmer nach ze vill héich ass.

"D'Inflatioun ass erof gaangen, mee de Projektiounen no wäert se ze laang ze héich bleiwen. Mëttelfristeg muss erëm en Inflatiounstaux vun ëm déi 2 Prozent erreecht ginn."

Gesamtinflatioun läit bei 5,4 Prozent

De Berechnunge vun der Zentralbank no soll d'Gesamtinflatioun dëst Joer bei 5,4 Prozent leien an d'nächst Joer bei 3 Prozent fir dann op 2,2 Prozent am Joer 2025 erof ze goen. D'Inflatiounsberechnung ouni Energie a Liewensmëttel gouf dobäi no uewe korrigéiert.

Déi lescht Zënserhéichunge sinn awer net ouni Effet bliwwen.

"Déi Schrëtt schloen sech sou lues an der Ekonomie néier. D'Kreditkäschte si staark geklommen an et gi manner Prêten accordéiert. Domadder geet d'Demande eise Projektiounen no erof an an der Suitte gëtt och d'Inflatioun gebremst."

D'zwee Prozent Zil dierft der Zentralbank no mëttelfristeg erreecht ginn, de Moment géifen all Instrumenter genotzt gi fir d'Inflatioun um zwee Prozent Niveau ze halen.