Europäesch Finanzen EZB setzt d'Leetzënse weider erop

D'Leetzënsen an der Eurozon klamme wéi erwaart ëm all Kéier 0,5 Prozentpunkten: dat huet déi Europäesch Zentralbank zu Frankfurt de Mëtteg matgedeelt. Dëst ass déi fënneft Hausse vum Leetzëns zanter dem Juli d'lescht Joer, am Kampf géint déi héich Inflatioun. Fir déi nächst geldpolitesch Sitzung vum EZB-Rot de 16. Mäerz ass schonn eng weider Zënserhéijung an Aussiicht gestallt ginn. Der Europäescher Zentralbank hiert Ziel ass mëttelfristeg eng Präisstabilitéit mat engem Inflatiounstaux vun zwee Prozent.

Serge Kesseler / jod

EZB
De Setz vun der EZB zu Frankfurt. (Foto: Bigstock / ilolab)

Lauschteren


Mat hirer fënnefter Zënserhéijung, déi vum 8. Februar u gëllt, kämpft déi Europäesch Zentralbank viru géint déi héich Inflatioun. De leschte Mount louch d'Präisdeierecht an der Eurozon bei 8,5 Prozent am Joresverglach. D'Inflatioun nach ëmmer ze héich, huet d'EZB-Presidentin Christine Lagarde de Mëtteg ënnerstrach. Dozou d'EZB-Presidentin 'Christien Lagarde:

"Eist Ziel ass d'Reduktioun vun der Inflatioun: d'Inflatioun mëttelfristeg op zwee Prozent ze reduzéieren."

Eng mëttelfristeg Präisstabilitéit ass d'Zil

Der Europäescher Zentralbank hiert Ziel ass et, mëttelfristeg eng Präisstabilitéit mat engem Inflatiounstaux vun de grad genannten zwee Prozent.

Confirméiert huet d'Christine Lagarde de Mëtteg zu Frankfurt, datt den EZB-Rot d'Absicht hätt, op senger nächster geldpolitescher Sitzung de 16. Mäerz, d'Zëns-Tauxen op een neits erop ze schrauwen:

"Mir hunn d'Absicht d'Zënstauxen ëm weider 50 Basispunkten erop ze setzen, op eiser nächster geldpolitescher Sitzung am Mäerz."

Ass domat ze rechnen, datt den Héichpunkt vum Zëns-Niveau domat nach net wäert erreecht sinn? Dozou de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch:

"D'EZB huet jo ganz kloer gesot, datt bei der Kärinflatioun d'Dynamik net gebrach ass. Si huet keng quantitativ Ausso gemaach, fir no Mäerz. Mee si huet awer gesot, datt op Basis vun den neie Projektiounen, déi am Mäerz wäerten um Dësch leien (...), datt se op Basis dovun de Pad vun den nächsten Zënsschrëtt wäert evaluéieren. An do kann een natierlech net ausschléissen, datt do nach Zënsschrëtt nokommen."

"D'Ekonomie huet sech méi resilient wéi erwaart gewisen"

D'Wirtschaft an der Eurozon wier iwwerdeems méi widderstandsfäeg, wéi erwaart, a si kéint sech der EZB-Presidentin no iwwert déi nächst Trimesteren erhuelen.

"D'Ekonomie huet sech méi resilient wéi erwaart gewisen an dierft sech iwwert déi nächst Trimesteren erhuelen."

Déi brittesch Zentralbank huet hir Zënstauxen haut déi zéngte Kéier hannerteneen erop gesat. Bei der amerikanescher Zentralbank war et gëschter déi aachte Kéier, datt d'Leetzënse klammen.

Méi zum Thema

Gaston Reinesch
Europäesch Leetzëns

D'EZB huet hir wichtegst Zënstauxen ëm 0,75 Prozentpunkte gehuewen. Fir de Gaston Reinesch ass d'Probabilitéit ganz héich, datt am Oktober, Dezember, an d'nächst Joer weider Zënsschrëtt kommen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen