Um 4 Auer nomëttes Lokalzäit mécht den Donald Trump eppes, wat fir hie scho bal Routine ginn ass dëst Joer. D'Uklo, a véier Punkten dës Kéier, wäert him virgelies ginn. Hien oder säin Affekot wäerten am Geriichtssall op onschëlleg plaidéieren, an da kënnt hien nees fräi, bis déi nächste Kéier.
New York, Miami a Washington
Bis déi nächst Uklo, méiglecherweis schonn an deenen nächste Wochen am Staat Georgia, wou och wéinst senge Versich d'Walresultat 2020 ze kippen enquêtéiert gëtt. Oder bis ee vun den dräi Prozesser ufänkt, wou den Trump ugeklot ass. Zu New York wéinst Verfälschung vun Dokumenter. Zu Miami wéinst dem Verstoppe vu streng geheimen Dokumenter, oder zu Washington wéinst senger Roll am Stuerm op de Kapitol de 6. Januar 2021.
Dem Trump gëtt ënnert anerem Conspiratioun géint de Staat virgeheit. Hien huet "wëssentlech falsch Virwërf vu Walbedruch", esou d'Uklo, benotzt, fir seng Supporter ze encouragéieren d'Walresultat ze stoppen an ze kippen. Déi Walresultater goufen de 6. Januar, den Dag vum Ugrëff op de Kapitol, genee do zertifiéiert. Mee eréischt nodeems dee Prozess gestoppt gouf, duerch Trump-Supporter déi am Kapitol fir Chaos gesuergt haten.
Keen Opruff zum Protest
D'Geriichtsgebai zu Washington, wou den Trump um Donneschde virun de Riichter kennt, steet op der Pennsylvania Avenue, tëscht dem Wäissen Haus, dat den Trump kontrolléiert huet, an dem Kapitol, wou seng Supporter, der Uklo no, op dem Trump seng Lige gelauschtert hunn. An deem nämmlechte Gebai goufe scho vill vun deene Leit déi de Kapitol gestiermt hunn zu Prisongsstrofe verurteelt. De fréiere President riskéiert och esou eng Prisongsstrof, net nëmmen zu Washington, och an den anere Prozesser géint hien déi all nach net ugefaangen hunn.
Des Kéier huet den Donald Trump seng Supporter awer net opgeruff fir virum Geriichtsgebai ze protestéieren. Eng Routine, déi hien also gebrach huet.