USA Ex-Polizist Derek Chauvin wéinst Mord um George Floyd schëlleg gesprach

Den Ex-Polizist Derek Chauvin ass wéinst dem Mord um George Floyd schëlleg gesprach ginn. De Jury an der Stad Minneapolis huet iwwer zeng Stonne laang beroden an huet mat hirem Urteel fir Freed an de Stroosse gesuergt. De Chauvin hat am Mee lescht Joer dem Floyd iwwer néng Minutten de Knéi an d'Genéck gedréckt.

Philip Crowther (Minneapolis) / tt

Family members of George Floyd speak in front of Cup Foods after a jury found former Police officer Derek Chauvin guilty on all counts in the murder of George Floyd in Minneapolis, M.N., U.S., on Tuesday, April 20, 2021. Cup Foods is where police were cal
Dem George Floyd seng Familljememberen nom Verdict gëschter Owend. Foto: picture alliance / Consolidated News Photos

Lauschtert de ganze Bäitrag


De Riichter huet d'Urteel am Geriichtssall virgelies. Den Derek Chauvin, säin Affekot, d'Procureuren, an déi zwielef Membere vum Jury hu nogelauschtert.

​Den Derek Chauvin gouf wéinst Mord an Doudschlag ugeklot. An allen dräi Punkte gouf hie schëlleg gesprach. Emotiounen huet een a sengem Gesiicht keng gesinn. Hie gouf an Handschellen aus dem Sall gefouert.

An der Strooss virum Geriichtsgebai, do gouf gefeiert. Et hat een en anert Urteel gefaart an d'Stad hat sech op Randaler a massiv Demonstratioune virbereet. Et gesäit aus wei wann Dausenden Zaldote vun der Nationalgard net musse benotzt ginn.

Et war am Mee lescht Joer, nom gefilmte Mord um George Floyd, wou et an der ganzer Welt zu Protester géint de Rassismus a géint d'Police-Gewalt koum.

Dëse Prozess geet an d'Geschicht vun den USA an. Well et ass immens rar, datt e Polizist wéinst Mord virun d'Geriicht kennt, a nach méi rar, datt e Polizist verurteelt gëtt. Dacks sinn et an esou Fäll wäiss Polizisten déi schwaarz Männer erschéissen, a seelen an de Prisong kommen. Den Derek Chauvin riskéiert Joerzéngten am Prisong ze verbréngen, mee dat gëtt eréischt an zwee Méint entscheet.

Historesch war dëse Prozess och well e vill méi symboliséiert huet wéi eng Konfrontatioun tëscht engem wäisse Polizist an engem schwaarze Mann. Fir Afro-Amerikaner ass et e Schrëtt an eng besser Richtung, wou Gewalt géint Schwaarzer net méi vun der Justiz ignoréiert gëtt a Polizisten elo wëssen, datt och si fir Mord schëlleg gesprach kënne ginn.

Mee d'Geschicht geet weider. Muer schonn ass d'Begriefnis vum Duante Wright, en 20-Joer jonke schwaarze Mann dee vun enger wäisser Polizisten erschoss gouf. Bei der Trauerfeier wäerten och Membere vum George Floyd senger Famill dobäi sinn.

Méi zum Thema

Eng Fra, déi op d'Begriefnes vum George Floyd zu Houston am Texas waart.
USA

Am Fall ëm de verstuerwenen Amerikaner George Floyd fänkt um Méinden zu Minneapolis de Prozess géint den Ex-Polizist Derek Chauvin un. Hie gëtt wéinst Mord zweete Grades an Doudschlag beschëllegt.

Eng Fra, déi op d'Begriefnes vum George Floyd zu Houston am Texas waart.
Policegewalt

Haut gëtt den George Floyd zu Houston am Texas begruewen. D'Begriefnes selwer ass am enke Familljekrees, mee virdru gëtt et nach eng lescht Gedenkfeier fir hie mat 500 Invitéen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen