Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eventuell net genuch Impfstoffdose géint d'Gripp fir vulnerabel Leit

Impfstoffer

Eventuell net genuch Impfstoffdose géint d'Gripp fir vulnerabel Leit

Anescht wéi soss ass dëse Wanter net garantéiert, datt vulnerabel Persounen sech kënne géint Gripp impfen. Et kéint sinn, datt dëst Joer net all vulnerabel Persoun, déi sech wëllt impfe loossen, och ee Vaccin kritt, esou de President vum Aptikteschsyndikat am 100,7-Interview. Den Alain de Bourcy betount, déi nächst Liwwerung vum 5.000 Vaccine soll spéitstens de 15. Dezember an den Apdikten ukommen.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


5.000 Vaccinen op 98 Apdikten opgedeelt wieren der wéineg, seet den Alain de Bourcy. D'Demanden hei am Land fir e Grippevaccin fir vulnerabel Leit ze kréien, wier zwee bis dräi Mol esou héich, esou de President vum Apdikteschsyndikat. Mënsche mat Häerzproblemer, al Leit, Asthmakranker a schwanger Frae géif ee prioritär mat Impfstoff versuergen.

"Mee wann dir 20 Patienten hut,t déi misste prioritär e Vaccin kréien, an dir hutt der just 10 ... Et ass net un eis Apdikter do den Tri ze maachen an dat ass och ganz schwéier."

Wärend der Corona-Pandemie ass d'Gripp eng zousätzlech Gefor fir vulnerabel Persounen. Dëse Wanter kéint déi éischte Kéier sinn, datt net jiddwer Persoun, déi e Vaccin brauch, en och kritt, bedauert den Alain de Bourcy. Hie wier awer zouversiichtlech, datt d'Liwwerung mat de 5.000 Vaccine spéitstens de 15. Dezember géif ukommen. Duerno géif et knapp ginn.

"Den Zäitplang ass esou , wann een de 15. Dezember géif direkt impfen, d'Grippe komme eréischt den Dezember, Ufank Januar, d'Impfung brauch e puer Deeg bis se wierksam ass, da géing dat alles esou lafen, datt et infektiologesch nach ze vertrieden ass. Wa se elo awer méi spéit géife kommen, da kommen d'Feierdeeg an esou, an da gëtt et schwéier."

D'Santé hätt dem Alain de Bourcy no och eng Bestellung mat ronn 30.000 Vaccinen lafen. Déi sollen de selwechten Datum ukommen, wieren allerdéngs net fir de fräie Marché geduecht, mee fir Fleegepersonal, Dokteren, Infirmieren an och Apdikter.

Am Fall wou der géife Rescht bleiwen, da wier de President vum Apdikteschsyndikat awer gäre bereet mat der Santé ze diskutéiere fir d'Vaccinen an der Apdikt ze verkafen.