Radioen

On air

De Moien  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op d'Wahlkampfwoch

Europawahlen 2019

Réckbléck op d'Wahlkampfwoch

Et sinn nach dräi Woche bis d'Europawahlen. Hei am Land kann een nach net wierklech vun engem Wahlkampf schwätzen. Méi intensiv gouf bis ewell just iwwer d'Wahlkampfspotten diskutéiert.

auto_stories

4 min

D'Europawahlen sinn am Moment keen dominant Thema. Een evidente Grond ass déi laang Staatstrauer vun zwou Woche wéinst dem Doud vum Grand-Duc Jean, déi eréischt nom Staatsbegriefnes vum 4. Mee op en Enn geet. Verschidde Parteien hunn dowéinst geplangte Wahlkampfevenementer ofgesot. An d'Press ass nawell och vill domadder beschäftegt.

Stellt sech d'Fro, ob d'Situatioun sech wesentlech anescht géif presentéieren, wa keng Staatstrauer wier. Et kann een also gespaant sinn, ob de Wahlkampf déi nächst Wochen nach méi intensiv gëtt.

Wahlkampfspotten: Besser Prozeduren néideg

Datt iwwer d'Sprooch vun de Wahlkampfspotten eng Polemik entstanen ass, kéint awer drop hindeiten, datt et op Säite vun de Parteie schonn eng gewëss Nervositéit gëtt - op d'mannst emol wat de Verlaf an d'Form vum Wahlkampf ugeet. D'Fro war opkomm, ob déi offiziell Spotten, déi de radio 100,7 och ënner der Opsiicht vun der Medienautoritéit ALIA diffuséiert, dierfen op Franséisch sinn. RTL hat refuséiert fir zwee franséisch Spotte vun déi Lénk ze diffuséieren, fir sech da schlussendlech awer dozou bereet ze erklären.

Et ass Schued, wéi dat Ganzt ofgelaf ass. D'Fro ass eréischt spéit opkoum, se war just an enger Fiche technique gereegelt an um Enn war elo de Verdikt vun de Parteien entscheedend - wat bei esou enger prinzipieller Fro an an enger Prozedur, bei där eng onofhängeg Autoritéit soll d'Soen hunn, problematesch ass.

Dorausser sollt ee fir déi nächst Wahlcampagne op alle Fall léieren. Fir mech ass et evident, datt Wahlkampfspotten an allen offizielle Sprooche solle kënne sinn an datt d'ALIA dat esou och anzwousch muss festhale fir de Choix net enger Werberegie oder de Parteien ze iwwerloossen.

Kee faire Wahlkampf?

Manner Polemik gouf et ronderëm de Fait, datt et bei dëse Wahle kee Wahlkampfaccord gëtt. Bei de leschte Wahle gouf ëmmer nees versicht duerch esou en Ofkommes eng Materialschluecht mat Plakater a Gadgeten ze verhënneren - mee et goufen och ganz sensibel Froen, wéi d'Wahlkampfmethoden an de soziale Medien, ugeschnidden.

Lo soen d'Parteien, et hätt kee sech sou richteg beméit fir dës Kéier esou een Accord ze fannen - wat vläicht dann éischter nees en Indicateur ass, datt si dës Wahlen als kee sou groussen Enjeu gesinn. Wat awer erstaunt, ass, datt gesot gëtt, déi viregt Accorden hätte souwisou net ganz vill bruecht. Zum Beispill well beim Material souwisou vill ze héich Limitte fixéiert gi wieren, oder eben och, well d'Applicatioun vun de Reegelen net iwwerwaacht gi wier.

D'Conclusioun dorausser misst dann awer eigentlech sinn, datt ee sech méi verbindlech Reegele gëtt, un déi all d'Parteie gebonne sinn, an déi vun enger onofhängeger Autoritéit iwwerwaacht ginn. Bleift ofzewaarden, wéi dat da bei den nächste Wahlen ugepaakt gëtt.

Een europäesche Wahlkampf?

Eng spannend Fro ass, ob et an Tëschenzäit esou eppes wéi en europawäite Wahlkampf wierklech gëtt - oder ob d'Kandidaten, déi jo just an hire Länner kënne gewielt ginn, forcéiert sinn, an hirer jeeweileger Heemecht ee Wahlkampf ze maachen, dee méi den innepolitesche wéi den europäeschen Defie Rechnung dréit.

Eppes, wat dozou bäidroe kann, datt de Wahlkampf méi paneuropäesch gëtt, ass de Modell vun de Spëtzekandidaten.

D'Uni Maastricht huet dës Woch eng éischt Table ronde organiséiert, op déi all d'Spëtzekandidate vun den offiziell registréierten europäesche Parteien invitéiert waren. Dat war net onspannend - och well vill Widderspréch, an deenen d'Europapolitik den Ament stécht an esou Diskussiounsronne fir de Publikum méi visibel an novollzéibar ginn.

Zum Beispill argumentéiere Politiker, déi sech als pro-europäesch consideréieren, datt d'Léisunge fir grouss Defie just kënnen europäesch sinn. Mee d'Memberstaate géifen dacks bremsen an d'Europaparlament hätt net genuch Muecht. Dorausser géif en Däiwelskrees entstoen, well d'EU un dëse Blockagë géif scheiteren, wat de Frust vun de Bierger géif vergréisseren, déi da Parteie wielen, déi eng weider Demokratiséierung vun der EU verhënneren.

Mee do feelt natierlech de Verweis, datt och Länner a Parteien, déi sech als besonnesch pro-europäesch gesinn, ëmmer Mol nees op der Brems stinn, wann d'EU gemeinsam versicht virunzekommen: Zum Beispill wa Lëtzebuerg säi Vetorecht am Conseil a Steierfroe verdeedegt.

Méi Debatten!

Am Fong misste vill méi esou Renconteren a verschiddene Länner organiséiert ginn, fir jeeweils op déi spezifesch Themen anzegoen, déi de Bierger an deene Länner wichteg sinn, dat kéint ee jo mat enger Simultaniwwersetzung zum Beispill.

Den Zesummeschloss vun den europäeschen ëffentlech-rechtleche Medien organiséiert nach esou eng grouss Table ronde de 15. Mee tëschent de Spëtzekandidaten. Mee och hei sinn dann déi rietsextrem Parteien net vertruede, well se nach ëmmer net decidéiert hunn a wéi enger Form si sech zesummeschléisse sollen, a wien dann de Spëtzekandidat soll sinn. Dat ass dann iergendwéi symptomatesch fir de Verlaf vun dësem Wahlkampf, wou vill iwwer eng méiglech Stäerkung vu rietsextreme Kräfte geschwat gëtt, mee eng richteg Ausenanersetzung - iwwer Sloganen eraus - gëtt et net.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.