arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europarot, eng Plattform fir Konfliktéisungen

Anne Brasseur

|
reading time

2 min

Europarot, eng Plattform fir Konfliktéisungen

D'DP-Politikerin Anne Brasseur huet no 42 Joer aktiver Politik am Stater Gemengerot an an der Chamber annoncéiert, datt si Enn Januar hiert Mandat an der Chamber néierleet. Si huet sech intensiv fir den Europarot engagéiert.

reading time

2 min

D'DP-Politikerin Anne Brasseur huet tëscht 2014 an 2016 d'Assemblée parlementaire vum Europarot presidéiert. Mat den aktuellen Tensiounen, déi et mat Russland oder der Tierkei ginn, wier et haut ënnert deene Konditiounen net méiglech, den Europarot an d'Liewen ze ruffen, oder déi Europäesch Mënscherechtskonventioun ze beschléissen, seet d'Anne Brasseur. Nodeems de Conseil de l'Europe an der Suite vum Konflikt an der Ukraine de russesche Parlamentarier d'Stëmmrecht entzunn hat, hunn d'Russen d'Institutioun boykottéiert. Ee weidere Problem ass haut d'Situatioun an der Tierkei, seet d'Anne Brasseur:

"Wann ech elo gesinn, mat wéi enge repressive Methode virgaange gëtt a wéi d'Grondfräiheeten a Fro gestallt a gedrosselt ginn, dann ass dat ganz inquietant."

Et kéint een déi Länner awer net aus dem Europarot einfach erausgeheien. Hir Bierger wieren deen Ament guer net méi duerch d'Mënscherechtskonventioun geschützt. Dowéinst kéint een nëmmen am Dialog no Léisunge sichen, esou d'Anne Brasseur.

Kritik un der Gouvernance am Futtball

An engem leschte Rapport, deen d'Politikerin am Europarot presentéiert, analyséiert d'Anne Brasseur d'Situatioun vun der bonne gouvernance am Futtball. D'Reforme bannent der FIFA, der internationaler Futtballfederatioun, goufe schonn ënnert dem Sepp Blatter annoncéiert, mä bis haut goufen déi net ëmgesat. Och säin Nofolger, den Gianni Infantino, hätt déi Reformen op Äis geluecht. Iwwerdeems sinn d'Mandater vun 13 Membere vun der Ethikkommissioun, déi am Ganze 15 Memberen zielt, net erneiert ginn. An den Ae vum Anne Brasseur wieren all déi, déi kritesch waren, op der Säit gelooss ginn.

Divergenze bannent der Partei

An der Partei géif et Divergenzen, an dat wier och gutt esou, ënnersträicht d'Anne Brasseur. Si bedauert och d'Demissioun vum Marc Ruppert. Hien hätt als President vun de Jong Liberalen an als DP-Generalsekretär eng exzellent Aarbecht geleescht. Dat hätt awer keng Repercussiounen op d'Partei. Ganz vill Jonker hätte sech an der DP engagéiert, seet d'Anne Brasseur.

Punktuell Missiounen an Aussiicht

D'DP-Politikerin hält mat der aktiver Politik op, mä wëllt awer punktuell Missiounen unhuelen. Si gouf vun der däitscher liberaler Friederich-Naumann-Stiftung für Freiheit gefrot, fir Member ze gi vum Kuratorium, ee vun den zwee wichtegste Gremie vun der Stëftung.