Radioen

On air

9 bis 1  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europaparlament hieft Immunitéit vun zwee Deputéierten op

Korruptionsverdacht

Europaparlament hieft Immunitéit vun zwee Deputéierten op

Am Zesummenhank mam sougenannte Qatargate kënnt d'Europaparlament der Demande vun der belscher Justiz an hieft déi parlamentaresch Immunitéit vun zwee sozialisteschen Europadeputéierten op. Dofir huet den Donneschdeg Moien eng grouss Majoritéit am Parlament gestëmmt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Italiener Andrea Cozzolino soll probéiert hunn, Parlamentstexter ze stoppen, an dofir Sue kritt hunn. An de Belsch Marc Tarabella steet engem Rapport vum Parlament no am Verdacht, bis zu 140.000 Euro Bestiechungsgeld kasséiert ze hunn.

Déi lafend Enquête géif weisen, datt de belsche Sozialist a Korruptiouns-Aktivitéiten involvéiert war, bei deenen een oder méi Länner probéiert hunn d'Debatten an d'Decisiounen am Europaparlament ze beaflossen, heescht et am Rapport vun der Europadeputéiert Manon Aubry. Si hat Accès op verschidden Dokumenter vun de belschen Autoritéiten.

Em wéi eng Länner et sech handelt gëtt net preziséiert. Dem Rapport no, deen d'Parlament gëschter publizéiert huet, bestéing de Verdacht, datt de Marc Tarabella an de leschten zwee Joer, verschidde Positioune vum Europaparlament en faveur vun engem Drëttland ënnerstëtzt huet an dofir Sue kasséiert huet. Zeienaussoen no wieren dem Belsch bei verschiddene Geleeënheete Suen ausbezuelt ginn, am Ganzen ee Montant tëscht 120. an 140.000 Euro.

Verdacht: Systematesch fir d'Intérête vun Drëtt-State geschafft

Den Andrea Cozzolino steet den Enquêteuren no am Verdacht vun 2019 un, zesumme mat anere Persounen am Europaparlament bei Accorde matgemaach ze hunn, déi d'Zil haten d'Intérête vun Drëtt-Staaten ze verdeedegen, schreift déi franséisch Deputéiert vun der Gauche an hirem Rapport. Et wier do net zulescht drëm gaangen, d'Adoptioun vu Resolutiounen, déi den Interête vun deene Länner schueden, ze verhënneren. Dofir hätt den italieenesche Politiker vum "Partido Democratico" bestëmmten Zomme Sue krut, wéi vill Sue genee gëtt net präziséiert.

Schonn an der Justiz-Kommissioun vum Parlament, déi fir d'Ophiewe vun der Immunitéit vun Europadeputéiert zoustänneg ass, hate sech all 23 Memberen unanime dofir ausgeschwat, der Demande vun der belscher Justiz nozekommen.