Déi 700 Europadeputéiert stëmmen en Mëttwoch de Mëtteg of. De Vott war néideg ginn, nodeems déi griichesch Sozialistin Eva Kaili wéinst Korruptiouns-Reprochen dee Posten ofgeholl krut.
Vott Vizepresident: Grouss Fraktiounen hale sech un hir Ofmaachung
Am meeschte Chancen huet de Lëtzebuerger Sozialist Marc Angel, dee vu senger Fraktioun nominéiert gouf. Et gëtt tëscht deene grousse Fraktiounen een Accord iwwer d'Opdeelung vun deene Posten.
Deemno steet deen, deen elo fräi gouf, der sozialistescher Fraktioun zou. Déi Liberal hate schonn déi lescht Woch annoncéiert, si géife fir de Lëtzebuerger stëmmen, d'Chrëschtdemokrate sinn en Dënschdeg den Owend och zu deem Schluss komm.
D'Propos fir méi streng Reegelen, déi d'Parlamentspresidentin Roberta Metsola gemaach huet, misste sou séier wéi méiglech ëmgesat ginn, sot eis den LSAP-Europadeputéierten.
"Ob mir mat all deene Proposen all kriminell Energie vun eenzele Persounen verhënnere kënnen, do ginn ech keng Garantie. Mee op jiddwer Fall de Wëllen ass do, well mir sinn all rosen, mir sinn all traureg, dat ganz gutt Aarbecht déi geleescht ginn ass wärend Covid, elo an der Kris, datt dat riskéiert, elo iwwerschattet ze gi vun deem schreckleche Skandal."
Déi Gréng hunn och eng Kandidatin fir dee fräie Posten opgestallt. Et ass dat d'Gwendoline Delbos-Corfield. Vu datt bis elo just eng Gréng Vertriederin ee Vizepresidente-Posten huet, stéing deen eigentlech hirer Partei zou, sou d'Fransousin am 100,7-Interview.
Gréng Kandidatin: "Et gëtt ee systemesche Problem am Parlament"
Datt sech déi grouss Fraktiounen elo weider op hiren Accord pochen, bedauert d'Gwendoline Delbos-Corfield. Et hätt een eng ganz Partie Reformen decidéiert, déi géifen awer net richteg ëmgesat ginn.
Eben dofir wier et wichteg, datt am Büro, dem ieweschten Organ, méi duerchgegraff gëtt. An deem Direktiouns-Gremium sëtzen déi am ganzen 14 Vizepresidente vum Parlament.
"Je pense qu'il y a beaucoup de choses que nous votons en plénière qui après ne s'appliquent pas en vraies règles, parce qu'effectivement les majorités qui se dégagent au parlement ne se retrouvent pas après dans un certain nombre d'endroits de pouvoir qui sont le bureau ou certaines commissions et donc je pense que avoir un Deuxième vert va être utile pour Roberta Metsola elle-même pour pouvoir avancer, utile pour représenter mieux ce parlement et utile pour les autres groupes pour nous avoir là comme aiguillon."
Fir déi gréng Europadeputéiert gëtt et am Parlament ee systemesche Problem.
"Il y a un besoin de travailler tous ensemble de faire beaucoup mieux. Parce que pour les prochaines élections européennes, moi je ne serais pas étonnée qu'il y ait un vrai dégoût par rapport au Parlement européenne vu cette histoire assez catastrophique, qui est une histoire de grande criminalité , qui n'arrive pas tous les jours mais qui reste stigmatisante pour le parlement européen."
Propos, Rendezvouse public ze maachen, ass ëmstridden
D'Parlamentspresidentin Roberta Metsola huet ee 14-Punkte-Plang op den Dësch geluecht, fir eng Verschäerfung vun de Reegelen. Am meeschte fir Diskussioune suergt d'Propos, datt een Europadeputéierte misst all seng Rendezvousen ëffentlech maachen. Bis elo ass dat just fir déi obligatoresch, déi u legislative Propose schaffen.
"Ech hu bis elo ëmmer meng Rendezvouse public gemaach", seet de Marc Angel, dee sech fir méi Transparenz am Parlament asetze wëllt.
Esou kriminell Aktivitéite ginn net doduerch verhënnert, wann all Deputéiert opleeë mussen, mat wiem si wéini eng Entrevue hunn, seet iwwerdeems d'Fraktioun vun de Chrëschtdemokraten am Parlament. Och den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen gesäit déi nei Reegel éischter kritesch. Si géif op alle Fall méi Aarbecht bedeiten.
"D'Liewe gëtt fir d'Deputéiert méi schwéier, mee mir kommen net derlaanscht, dat ze maachen, well elo een Zeeche muss gesat ginn."
Fir de Christophe Hansen besteet hei esouguer d'Gefor, datt een Deputéierten eventuell net méi jiddweree wéilt gesinn, fir net an ee schlecht Liicht ze kommen. Hien hätt dat selwer erlieft, als Rapporteur vum Dossier "Deforestatioun" hätt eng Kolleegin just Entrevuë mat ONGe gehat, well si Angscht hat, eng Entrevue mat Vertrieder vun Entreprise wier bei der Ëffentlechkeet schlecht gesinn.
Déi Gréng am Parlament sinn dofir, datt all Rendezvous public soll sinn, dat wier an hirer Fraktioun souwisou scho Praxis, seet d'Europadeputéiert Tilly Metz.
"Ech fannen et soll een zu senge Rendezvouse stoen. Ech ka fir all Persoun, déi ech gesinn, erklären, firwat et wichteg war, déi eng Persoun ze gesinn an déi aner net. Et ass wichteg, datt ee sech verschidde Son de Clochen unhéiert."
Déi gréng Politikerin weist och drop hin, datt et d'Méiglechkeet gëtt, beim Deklaréiere vu Rendezvouse keng Nimm ze nennen, fir déi Concernéiert ze schützen, am Fall wou dat néideg ass.
Fir d'Tilly Metz ginn d'Propose vun der Roberta Metsola net wäit genuch. Zum Beispill wier net zeréckbehale ginn, datt och Rendezvouse mat Vertrieder aus Drëttstaate mussen deklaréiert ginn.
Marc Angel: Sozialisten engagéiere sech, alles opzeklären
D'Europadeputéiert, déi vum Korruptiounsskandal betraff sinn, komme bis elo all aus der sozialistescher Fraktioun.
"D'Sozialiste musse sech méi engagéieren, fir de Problem ze léisen", sot en Dënschdeg de Chef vun der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber.
De Reproche, deen deels vun de Chrëschtdemokraten erhuewe gouf, d'Sozialiste géifen net genuch bei sech selwer duerchgräifen, weist de Marc Angel iwwerdeems zeréck.
"Bei eis ass vun Ufank u gesot ginn, mir musse kucken: wat ass bei eis falsch gelaf, datt mir dat doten net entdeckt hunn? Wéi eng Mechanisme kënne mer installéieren, fir datt dat net méi virkënnt? Dat ass de Wonsch vun all den Delegatiounen an eiser Fraktioun."
D'Fraktioun vum Marc Angel hat annoncéiert, eng intern Kommissioun sollt do aktiv ginn. Doriwwer, wéini déi genee ufänkt mat schaffen, konnt d'Fraktiounscheffin Iraxte Garcia en Dënschdeg keng genee Aussoe maachen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.