Radioen

On air

9 bis 1  |  Death Cab For Cutie - Here To Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesch Zentralbank: Néngt Hausse vum Leetzëns

Inflatioun

Europäesch Zentralbank: Néngt Hausse vum Leetzëns

D'Europäesch Zentral Bank suggeréiert eng Paus bei hiren Haussë vum Leetzëns. Ob am September eng weider Hausse decidéiert gëtt, géif vun der Entwécklung vun der Inflatioun ofhänke sot d'Christine Lagarden, Cheffin vun der EZB zu Frankfurt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Cheffin vun der Europäescher Zentralbank huet eng oppen Attitüd par Rapport zu den nächsten Decisioune gewisen. D'Date géifen hinne soen, wéi vill Spillraum se hätten, erkläert d'Christine Lagarde.

"A mir sinn oppe par Rapport zu den Decisiounen an den nächsten Reuniounen. Well dës Variatiounen déi op den Date baséiere ka se Mount fir Mount veränneren"

Haut awer huet d'EZB hire Leetzëns wéi erwaart nach eemol ëm 0,25 Prozentpunkten erhéicht. Dat op alles an allem 4,25%. Et ass déi néngte Kéier hannereneen datt d'Europäesch Zentralbank de Leetzëns erop sëtzt fir déi héich Inflatioun anzedämmen.

Ekonomesch Perspektiv huet sech verschlechtert

D'EZB Cheffin sot weider datt déi ekonomesch Perspektiven sech verschlechtert hätten.

Ënnert anerem géif den Ausstig vu Russland aus dem Weessofkommes e weideren Inflatiounsrisiko an der Eurozon duerstellen an e weideren Drock op d'Energie a Liewensmëttelkäschten ausüben.

Och déi onbestänneg Wiederkonditiounen déi duerch de Klimawandel entstinn hätten en Impakt op d'Liewensmëttelpräisser seet d'Christine Lagarde. Ee weidere Grond wier eng Schwaach Inlandsnofro liéiert duerch eng héich Inflatioun.

Am September soll déi nächst Decisioun vun der EZB iwwert de Leetzëns geholl ginn.