arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Medikamentenagence approuvéiert Moderna-Vaccin

Weidere Vaccin zougelooss

|
reading time

2 min

Europäesch Medikamentenagence approuvéiert Moderna-Vaccin

Déi europäesch Medikamentenagence EMA huet mam Impfstof vu Moderna en zweete Corona-Vaccin approuvéiert. Elo muss d'EU-Kommissioun nach zoustëmmen, ier e kann verdeelt ginn.

reading time

2 min

De Vaccin vu Moderna baséiert wéi dee vu Pfizer-Biontech op Messenger-RNA, fir eng Immunäntwërt z'aktivéieren. E gouf an enger klinescher Studie mat iwwer 30.000 Participante getest. E war do zu 94,1 Prozent effikass an en huet bei Risikopatiente wéi deene mat Longen-, Häerz-, Liewerprobleemer, Iwwergwicht, Diabetis oder HIV eng Efficacitéit vun iwwer 90 Prozent gewisen. De Vaccin krut eng konditionell Zoulossung fir e Joer, fir Leit iwwer 18 Joer.

Dëse Vaccin gëtt och an zwou Dosen am Ofstand vun 28 Deeg administréiert. E léist sech awer méi einfach versuerge wéi dee vu Biontech. E gëtt bei minus 15 bis minus 25 Grad gelagert, hält sech awer, wann e bis entdeet ass e Mount am Frigo, bei zwee bis aacht Grad. Sou steet et an der Packungsbeilag, déi een um Site vun der EMA ka liesen. Wat d'Nieweneffekter ugeet, steet do dran, datt no der Vaccinatioun heefeg den Arm kann schwëllen, an deen ee gepickt gouf, et kann een de Kappwéi an Nauséeë kréien, midd ginn oder Féiwer kréien.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen huet um Sozialréseau Twitter geschriwwen, d'Kommissioun géif mat Héchstgeschwindegkeet un der Zouloossung fir d' Verdeelung schaffen, mee keen Datum dofir genannt.

Decisioun iwwer Adaptatioun vun der Impfstrategie de Freideg am Regierungsrot

Als zweete Corona-Impfstoff ass dee vum US-Produzent Moderna elo an der Europäescher Unioun zougelooss.

Delaie wéi séier Moderna ka liwweren géif e kuerzfristeg kréien, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

D'Zouloossung vum Moderna-Vaccin géif Lëtzebuerg et erlaben eng zweet Etapp vun der Impfstrategie ze plangen. Et wier eng Basis fir dëse Freideg eng Decisioun doriwwer am Regierungsrot ze huelen. De Virschlag soll duerno vum Ethikrot aviséiert ginn.

Lëtzebuerg hätt iwwer de gemeinsamen EU-Akaf vu Vaccin Commandë lafe fir hei am Land am ganzen iwwer 1,1 Millioune Leit kënnen z'impfen, esou d'Ministerin. Fir doriwwer eraus eventuell selwer zousätzlechen Impfstoff ze kafen, hätt Lëtzebuerg an Tëschenzäit bei de Produzenten Astrazeneca a Pfizer ugefrot, wat d'Präisser dofir wieren: nach géif et keng Äntwert ginn.