Europäesch Geriicht fir Mënscherechter Heeschen dierft net generell verbuede ginn

De Stater Gemengerot stëmmt iwwert e Reglement of, dat d'Heeschen op verschiddene Plaze verbitt. Ob et juristesch d'Strooss hält, ass onkloer. Dem Europäesche Recht no dierf d'Heeschen net generell verbuede ginn. Dat war virun zwee Joer d'Konklusioun vun engem Urteel um Europäesche Geriicht fir Mënscherechter.

Morgane Weidig / ll

Heeschen
Foto: Picture Alliance

Lauschteren


Den Artikel 8 an der Europäesche Mënscherechtskonventioun schützt de Mënschen hiert d'Recht op privat Liewen. E generellt Heeschverbuet géing dat net respektéieren.

De lëtzebuergescher Riichter Georges Ravarani war beim Urteel dobäi. Hien erkläert, datt Heesche just ageschränkt dierft ginn, an déi Aschränkung och net ze staark dierft sinn. Dat Selwecht gëllt och fir d'Bestrofung. Dem Georges Ravarani no, kéint een net vun enger Persoun verlaangen opzehale mat heeschen, wann se keen dobäi harceléiert. Just beim organiséiertem Heesche wier do eng Ausnam.

Balance tëschent Aschränkung a Bestrofung

Dat Recht op Privat Liewe kann ënner verschiddene Konditiounen awer och vum Staat ageschränkt ginn, wat duerch e Reglement oder Gesetz muss festgeluecht sinn. Och dat misst mat engem legitimmen Zil justifiéiert sinn, wei beispillsweis déi ëffentlech Sécherheet, sot de Georges Ravarani.

Hie betount, datt d'Verbuet vum Heesche proportionéiert misst sinn a kee generelle Verbuet. A sengen Ae misst ee kucke fir d'Verbuet net iwwerméisseg anzeschränken, mee och net iwwerméisseg ze bestrofen.

Nuance bei den Aschränkunge

Déi Aschränkunge sinn immens nuancéiert, erkläert de Riichter weider. Am viraus ze soen, wat ze wäit geet a wat net, ass onméiglech a misst vu Fall zu Fall gekuckt ginn.

Géif een eng Amende kréien, da misst een als Éischt op ee Lëtzebuerger Geriicht goen. Géif awer duerch all Instanze fonnt ginn, datt d'Verbuet an der Rei wier an d'Bestrofung legitim, da kéint e rëm op Stroossbuerg kommen.

Dem Georges Ravarani no, kéint een awer net, vun enger Persoun verlaangen opzehale mat heeschen, wann se dobäi keen harceléiert. Just dat organiséiertem Heesche wier do eng Ausnam.

Méi zum Thema

Sans Abri
Recensement

D'EU huet sech d'Zil gesat, datt bis 2030 keng Leit méi sollen op der Strooss liewen. Eleng an der Stad Lëtzebuerg goufen awer am Oktober eng 200 Leit gezielt, déi kee festen Dag iwwer dem Kapp hunn.

Stad Lëtzebuerg
Etüd iwwer den Non-Recours

Mam Problem, datt Leit sozial Hëllefen net ufroen, obwuel se eigentlech eligibel sinn, beschäftegt sech aktuell de Statec. Mee d'Ausschaffe vun der Etüd stellt de Statec och virun Erausfuerderungen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen