Bestellung vu Vaccinen Europäesch Bestellunge kommen als éischt drun

D'EU-Kommissioun wéisst näischt iwwer zousätzlech Kontrakter tëschent EU-Memberlänner an Impfstoffproduzenten, seet d'Sandra Gallina, Generaldirectrice vum Gesondheetsdepartment vun der EU-Kommissioun. Si stoung den Europadeputéiert Ried an Äntwert.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Pfizer/BioNTech-Impfstoff
D'EU huet bei sechs Firmen Impfstoff bestallt. Foto: picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Hendrik Schmidt

Lauschteren


Si hätt keng esou Kontrakter gesinn, seet d'Sandra Gallina. Sollte se awer existéieren, wier et kloer, datt d'Commanden, déi op europäeschem Niveau gemaach goufen, fir d'éischt un d'Rei kommen. Dat hätten déi concernéiert Pharmaentreprisen der Kommissioun op Nofro zougeséchert.

Kontradiktoresch Aussoen

Hir Aussoen stinn a Kontradiktioun zu aneren Informatiounen. D'EU-Länner hu sech bannent der Europäescher Impfstrategie dozou verflicht (Artikel 7), net separat mat Entreprisen Kontrakter ze maachen, mat deenen d'EU-Kommissioun am gaangen ass ze verhandelen.

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn hat widderhuelt ëffentlech gesot, Däitschland hätt mat der Firma BioNTech den Akaf vun 30 Milliounen extra Dosissen ofgemaach. Och déi portugisesch Gesondheetsministeren hat déi lescht Woch gesot, eenzel Memberlänner hätten fir sech mat Entreprise verhandelt.

Kommissioun freet Kloerheet vun de Memberlänner

E Méindeg hat ee Spriecher vun der EU-Kommissioun gesot, d'Gesondheets-Kommissairin Stella Kyriakides géif ee Bréif un all d'Memberlänner schécken, mat der Demande genee Informatiounen iwwer hir eventuell Relatiounen mat deenen Entreprisen ze ginn, bei deenen d'EU Impfstoff bestallt huet.

D'EU hätt vun deene sechs Entreprisen esou vill kaf, wéi ugebuede gouf, sou och d'Sandra Gallina op Nofro vun den Deputéiert. Si huet op Kritik reagéiert, datt d'EU net genuch Vaccin akaaft huet.

Transparenz bei de Kontrakter

D'Deputéiert froen zanter Laangem méi Transparenz - elo solle si Abléck an déi Kontrakter kréien. Bis elo ass awer just eng Firma domat averstanen: den däitschen Impfstoffproduzent Curevac. Vun dëser Woch un ass an engem Liesraum an der Kommissioun de Kontrakt ze gesinn.

Scho vum zweete Quartal soll genuch Impfstoff do si fir all d'Europäer ze impfen. Genee Zuelen, wéi ee Land wéi vill Impfstoff wéini kritt, huet d'Sandra Gallina net genannt. D'Länner sollen awer elo zweemol an der Woch der Gesondheetsagence mellen, wéi vill Leit geimpft goufen.


Hei kann een dee ganzen Echange mam Europaparlament nach eng Kéier kucken:

Méi zum Thema

Moderna Impfstoff
Impfstrategie

Lëtzebuerg gëtt warscheinlech als éischt EU-Land mam neie Corona-Vaccin vu Moderna beliwwert. Dat sot d'Gesondheetsministerin gëschter Owend. Si huet och ee 5-Phasen-Impfplang virgestallt.

Danièle Weber
CORONA-PANDEMIE

Knapps goufen déi national Impf-Campagnen uechtert d'EU lancéiert, koum et zu Kritik. D'EU, déi et fäerdeg bruecht huet, zesummen zu 27 Länner Impfstoff anzekafen, hätt sech schlecht ugeluecht heescht et. Ass déi Kritik ubruecht?
Frank Engel
Impfstoff

Den CSV-President Fränk Engel hat mat Kritik iwwer d'europäesch Strategie beim Impfstoff op sech opmierksam gemaach: bei all Impfstoffproduzent hätt misse fir déi ganz EU-Populatioun akaaft ginn.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen