Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa-Wahlen: Rietsruck en vue?

EU-Wahlen 2019

Europa-Wahlen: Rietsruck en vue?

Et gëtt allgemeng erwaart, datt riets-populistesch Parteien bei de nächsten Europawahlen gestäerkt ginn. Dat weisen ënner anerem Tendenzen bei verschiddene Wahlen um nationale Plang. Dës dacks EU-kritesch Parteien kéinten d'Aarbecht am nächsten Europaparlament méi schwéier maachen. Eng Analys vum Danièle Weber.

auto_stories

4 min

Elo schonn, een halleft Joer virun den Europa-Wahlen ass eng gewëss Nervositéit bei de Parteien - a bei den Observateuren zu Bréissel ze spieren. Dës Europawahle ginn anescht wéi déi virdrun, do ass ee sech eens.

"Nach ni war den Enjeu esou grouss"

D'Wahlen am Mee 2019 si kruzial, seet zum Beispill den Eric Maurice, fréiere Journalist beim EU Observer an elo Chef vum Bréisseler Bureau vun der franséischer Robert Schuman Fondatioun. Nach ni wier den Enjeu esou grouss gewiescht. Dës Wahle kéinten ee groussen Afloss op d'Evolutioun um Kontinent hunn.

No dëse Wahlen kéinten awer, sou och den Eric Maurice, méi Deputéiert am Parlament setzen, déi manner vun der EU iwwerzeegt sinn. Et ass nach ze fréi fir reell Prognostiquen ze maachen, d'Entwécklungen um nationale Plang an enger Partie EU Länner weisen awer, datt d'Euroskeptiker méi staark ginn.

Parlament kéint blockéiert sinn

Jee nodeem wéi staark, klëmmt de Risk, datt d'Parlament paralyséiert gëtt. D'Fro ass fir den Eric Maurice, ob sech déi traditionell Parteien, wéi Chrëschtdemokraten, Sozialisten, Liberal a Grénger op de grousse Sujeten eens ginn. Et wier also eng Zort Mega-Koalitioun néideg, fir ee Blockage vun euroskeptesche Parteien ze verhënneren.

Och de Guntram Wolff, Direkter vum Bruegel Think tank erwaart, datt et fir d'Parteie vun der Mëtt méi schwéier wäert ginn, Majoritéiten ze kréien. "Dat ass ee Risiko. An dat wier, effektiv ee grousse Problem fir d'Europäesch Unioun."

Op där anerer Säit ass awer och ze erwaarden, dat déi euroskeptesch Parteien net onbedéngt wéi ee Block do stinn. Well op där Säit ass et nach net kloer, wéi genee ee sech organiséiere wäert

"Et wäert e puer labber Alliancë virun de Wahle ginn. Mee souguer wann d'Mainstream Parteien et fäerdeg brénge sech zesummenzedoen, bleift een héije Risiko, datt d'Verhandlunge méi laang daueren an déi parlamentaresch Aarbecht domadder vill méi lues virukënnt."

Modrikamen: EU-Populisten zesummebréngen

Een, deen de rietse Bord besser organiséieren a méi no zesummebrénge wëllt, ass de belsche Politiker vum Parti populaire, de Michael Modrikamen. Hien ass dem fréieren Trump-Beroder Steve Bannon säi Mann zu Bréissel an huet Wëlles, mat deem senger finanzieller an inhaltlecher Ënnerstëtzung eng Fondatioun mam Numm The Movement ze grënnen. Deem Mouvement solle sech, sou de Wonsch, riets Parteien uschléissen an esou mat vereente Kräfte besser opgestallt an de Wahlkampf zéien.

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini vun der Lega Nord an d'Marine Le Pen vum fréiere Front National hunn Interessi ugemellt. Et kéinten der um Enn eng 10 bis 15 sinn, déi matmaachen, hofft de Michael Modrikamen.

De Belsch geet dovun aus, datt déi gemeinsam Ziler dës Parteien zesummebréngen.

"Mir kennen d'Populisten ronderëm dräi oder véier Prinzipie vereenen: Mir hätte gäre méi Souveränitéit, mir hätte gären, datt normal Leit hir Zukunft nees an d'Hand huelen. Dat heescht, dat mir net vu friemen Institutiounen ofhänke wëllen. Eng lieweg Demokratie brauch Grenzen, et muss ee wëssen, wien dobannen a wien dobaussen ass - an et brauch ee Leit, déi déi nämmlecht Wäerter deelen."

Net vu friemen Institutiounen ofhänken, heescht dat, datt The Movement géint d'EU ass? D'Äntwert vum Bréisseler Mr Bannon weist, datt ee sech hei nach net festleeë wëllt.

"Ech denken, datt mir mat den europäeschen Institutioune liewe kënnen, ënnert der Konditioun, datt se limitéiert Kompetenzen hunn. Dat se net direkt an d'Liewe vun de Bierger an an d'Souveränetéit vun de National-Staaten agräifen, sou wéi dat elo de Fall ass. An ënnert der Konditioun, datt se komplett demokratesch sinn."

Renationaliséierung vun Decisiounen

Et kéint gutt sinn, datt déi europäesch Institutiounen och wäerten anescht ausgesinn. Et ass d'Fro, wéi eng EU-Kommissären Länner wéi Italien, Polen oder Ungarn déi nächste Kéier op Bréissel schécken. Fir den Eric Maurice vun der Fondation Schuman ass de Versuch vun dësem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, eng Kommissioun ze hunn, déi méi ee grousst politescht Gewiicht huet, schif gaangen. An Zukunft wäerten d'Decisiounen méi op nationalem Niveau geholl ginn. Senger Meenung no gëtt déi nächst EU-Kommissioun vun enger Persoun presidéiert, déi d'Vertrauen vun all de Staats- a Regierungscheffen huet. Hie geet vun enger Renationaliséierung vun den Decisiouns-Prozesser aus.

Do wäert et dann och spannend ginn, wéi sech déi national Leaderen no de Wahlen verhalen, wann et drëms geet, en neie Kommissiounspresident ze nominéieren. Mee do si mir nach net - d'Wahle sinn am Mee - an dono geet de Prozess vun der Sich vun engem neie President eréischt un. D'Mandat vum Jean-Claude Juncker geet nach bis Enn Oktober 2019.