Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa ka vill Formen hunn

Europawahlen 2019

Europa ka vill Formen hunn

An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei mat an d'Europawahle ginn. An der drëtter Editioun schwätzen de Joe Thein (déi Konservativ), d'Tessy Brisbois (ADR) an de Christopher Lilyblad (Volt) iwwer d'EU-Institutiounen.

auto_stories

3 min

Volt, eng paneuropäesch Partei, setzt sech dofir an, datt d'Europaparlament eng eege Regierung wielt, also mat Ministere fir déi verschidde Beräicher. D'Parlament wier déi eenzeg europäesch Institutioun, déi de Bierger direkt wiele kéint, seet de Christopher Lilyblad, dowéinst sollt een dat da stäerken.

De Christopher Lilyblad vun der VOLT

De Joe Thein vun déi Konservativ ass géint esou eng europäesch Regierung. "Mat der paneuropäescher Iddi géife mir aus der der EU e Staat am Staat maachen", an dat wier net hir Iddi vun der EU. D'Partei vum 27 Järege gesäit de Modell vum Europa vun de souveränen Natiounen als de richtege Wee un. D'Länner sollen zwar nach zesummeschaffen, wichteg Kompetenze sollen awer nees vun de Memberstaaten decidéiert ginn. Donieft wéilt een de Verwaltungs-Apparat vun der Europäescher Unioun verklengeren a Personal ofbauen. Déi administrativ Struktur wier e rise Käschtepunkt, esou nach de Joe Thein. E Punkt, deen de Christopher Lilyblad awer net gëlle léisst. Wa Staate méi géifen zesummeschaffen, wier d'Méiglechkeet do, Synergien ze schafen an duerch méi staark Institutioune souguer Suen ze spueren.

D'ADR setzt sech op engem europäesche Plang och fir en Europa vun de Natiounen an. D'Gesondheetspolitik sollt op engem nationalen Niveau gereegelt ginn, esou d'Tessy Brisbois, do hätt all Land aner Besoinen, do dierft een net alles an een Dëppe geheien. Eng Friddenspolitik zum Beispill misst een awer zesummen ugoen.

Eng Fuerderung vun déi Konservativ ass, datt d'Schengen-Ofkommes soll nei verhandelt ginn, reegelméisseg a punktuell Kontrolle bannen der EU sollten erëm ageféiert ginn. Eng Fuerderung mat där déi aner zwee Parteien net averstane sinn. Fir Volt wiere Fräiheete wéi eng fräi Zirkulatioun fundamental, seet de Christopher Lilyblad, et sollt ee just e Sécherheets-Apparat installéieren, deen am Fall vun Abus kontrolléiert. Et sollt een an der EU zesummeschaffe fir d'Baussegrenzen ze schützen, fir esou d'Integritéit vum Schengeraum ze assuréieren. An och eng ADR wier fir sécher Baussegrenzen, d'fräi Zirkulatioun bannen der EU wier awer weiderhi wichteg, esou d'Tessy Brisbois.

De Joé Thein vun déi Konservativ

Fir Europa virunzebrénge setze sech Volt an déi Konservativ dofir an, datt d'EU-Parlament an Zukunft soll d'Méiglechkeet kréie Gesetzer ze proposéieren. Et wieren déi gewielte Mandatairen, an esou kéint een och nees d'Vertrauen an d'EU erhéijen. Och d'Tessy Brisbois fënnt, datt d'EU-Parlament d'Méiglechkeet kréie sollt Gesetzer ze proposéiere, betount awer, datt déi final Decisioun ëmmer nach bei de de Memberstaate léie sollt.

D'Tessy Brisbois vun der ADR

D'ADR an déi Konservativ schwätze sech géint eng europäesch Arméi aus. D'Recht op eng Arméi dierft nëmme bei engem Nationalstaat léien, seet de Joe Thein a fir d'Tessy Brisbois wier et éischter sënnvoll d'Zesummenaarbecht am Sécherheetsberäich tëschent de Länner ze intensivéieren. Fir de Christopher Lilyblad vu Volt gehéiert eng europäesch Arméi awer zu enger staarker Aussepolitik. Mat enger militärescher Capacitéit kéint ee besser fir europäesch Interête géigeniwwer Muechte wéi China, Russland oder den USA astoen.