Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pascal Canfin: EU-Impfstoff-Kontrakter musse public gemaach ginn

EUROPA-INTERVIEW

Pascal Canfin: EU-Impfstoff-Kontrakter musse public gemaach ginn

Et gëtt kee Grond méi, d'Kontrakter, déi d'EU mat Impfstoffhiersteller ausgehandelt huet, als confidentiel ze behandelen, seet de President vun der Ëmwelt-Kommissioun am Europaparlament, de Pascal Canfin. Hie fuerdert och, datt d'Länner sollen de Kalenner mat de Liwwerunge vu Vaccinë publizéieren.

auto_stories

4 min

D'Europaparlament hält fest u senger Fuerderung no méi Transparenz an der EU-Impfstrategie.

D'Parlament hat gefuerdert, d'Kontrakter, déi d'EU mat Impfstoffhiersteller ofgeschloss huet, anzegesinn. Ënner anerem fir sech ee Bild ze maachen, iwwer d'Engagementer vun den Entreprisen, zum Beispill wat d'Delaie fir d'Liwwerungen oder awer hir Responsabilitéit juridique a Fäll vu Problemer ugeet.

D'Kommissioun hat e Méindeg annoncéiert, de Parlamentarier Zougank zu engem vun deene Kontrakter ze ginn. Deen däitschen Imfpstoff-Produzent Curevac hätt sech dozou bereet erkläert.

Wichteg Deeler vum Kontrakt ware net liesbar

Deen éischten Deputéierten, deen en Dënschden konnt ee Bléck op dee Vertrag werfen, war de President vun der Ëmwelt-Kommissioun am Parlament, de Pascal Canfin.

Hien ass guer net zefridden. D'Informatiounen iwwer d'Engagementer vun der Entreprise par Rapport zur Haftung, zu den Delaien fir d'Liwwerungen oder awer iwwer d'Präisstruktur vum Impfstoff huet hien do net fonnt.

D'Kommissioun hätt grouss Deeler am Kontrakt geschwäerzt. Esou hätt deen Exercice net vill Wäert, seet de Pascal Canfin am radio 100,7-Interview.

"La Commission s'est engagée à rendre ces contrats accessibles aux parlementaires européens, mais en enlevant une grande partie du texte et en le rendant illisible. Ce qui veut dire que même après avoir lu ce contrat, par exemple sur la responsabilité jurdique de l'entreprise en cas de problèmes, je ne peux pas vous répondre parce que sur six paragraphes sur la responsabilité juridique, deux sont illisibles, ce qui rend évidemment impossible une évaluation globale."

D'Parlament hält also u senger Fuerderung fest, datt Schlësselementer vun deene Kontrakter musse publik gemaach ginn. Elo, wou d'Verhandlunge mat den Entreprisen ofgeschloss sinn, géif et kee Grond méi, dat net ze maachen, esou de Pascal Canfin.

National Kontrakter bréngen näischt

De Politiker vu "La République en marche" huet sech och kloer dergéint ausgeschwat, datt EU-Länner eege Kontrakter mat Impfstoffproduzenten ofschléissen. D'Parlament wier hei ganz kritesch, well duerch esou Demarchen déi europäesch Solidaritéit géif riskéieren ze implodéieren.
Allerdéngs hätt hien dat, wat hien doriwwer am Curevac-Kontrakt liese konnt, berouegt.

"Ce que j'ai pu voir dans ce contrat, c'est que n'importe quel pays européen qui signerait des contrats supplémentaires avec des compagnies pharmaceutiques ne pourrait se voir livrer ces doses supplémentaires qu'après livraison de toutes les doses à l'Union Européenne, ce qui veut dire que le bénéfice en terme de santé publique d'une commande nationale est nulle puisque ce sont des doses qui arriveront en 2022 lorsque nous aurons déjà un portefeuille de vaccins qui nous permettra de couvrir plus que le nombre de citoyens européens."

Kalenner mat Impfstoff-Liwwerunge publizéieren

Och hei wier méi Transparenz gefrot, fir datt d'Bierger wéisste, wou se dru sinn, seet de Pascal Canfin. Frankräich publizéiert ee Kalenner, an deem genee opgelëscht ass, wéini wéi eng Impfstoffer geliwwert ginn. Dat sollt an Zukunft all Land maachen.

Et wier eng Saach matzedeelen, wéi vill Leit geimpft goufen, mee et wier och wichteg, datt ee wéisst wou ee mat de Liwwerungen drun ass. "Au moins on raissonnera sur des faits et non sur des rumeurs", esou den President vun der Ëmwelt-Kommissioun am Europaparlament.