Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The War On Drugs - Red Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron: "Mir mussen eis Partner selwer eraussiche kënnen"

EU-AUSSEPOLITIK

Macron: "Mir mussen eis Partner selwer eraussiche kënnen"

Aussoe vum Emmanuel Macron iwwer Taiwan an déi europäesch Onofhängegkeet - och vun den USA - haten de Weekend fir Opreegung gesuergt. Zu Den Haag huet hie sech en Dënschdeg op en Neits fir méi europäesch Souveränitéit ausgeschwat. Och par rapport zu den USA.

auto_stories

3 min

Déi national Aktualitéit verfollegt den Emmanuel Macron bis op Den Haag. "Where did we lost the French Democracy?" (Wou hu mir déi franséisch Demokratie verluer?), sou eng vun de rosene Froen am Sall.

"Gidd mir e bëssen Zäit, dann äntweren ech op all Är Froen", seet dorop den Emmanuel Macron. A senger Ried direkt dono geet hien dem Debat awer éischter aus dem Wee, a brécht amplaz dovun eng Lanz fir déi europäesch Souveränitéit.

Kritik un Aussoen iwwer de Konflikt tëscht China an Taiwan

De franséische President mécht dat manner konfrontativ wéi hien nach de Weekend an engem Interview mat Les échos, dee fir vill Opreegung gesuergt hat.

D'EU-Länner sollte keng Vasalle vun anere ginn, hat hien do gesot a mat Bléck op Taiwan: D'EU sollt kee Matleefer sinn andeems si sech dem amerikanesche Rhythmus oder enger chineesescher Iwwerreaktioun upasst

Dat hat fir vill Kritik gesuergt. Protest koum aus Däitschland, mde och aus den osteuropäesche Länner, wou direkt de polnesche President betount huet, datt d'Allianz mat den USA eng Top-Prioritéit fir säi Land an d'Basis fir seng Sécherheet ass.

Risiko aus China an den USA

Zeréck geruddert ass den Emmanuel Macron zu Den Haag trotzdeem net. Europäesch Souveränitéit definéiert sech och par rapport zu den Alliéierten.

"Europäesch Souveränitéit verdeedegen heescht net, vu sengen Alliéierten ewechzeréckelen. Et heescht, datt mir eis Partner selwer eraussiche kënnen, an eist eegent Schicksal gestalten."

D'Gefor kënnt aus China, mee och den USA, sou och de franséische President

"Chineesesch an amerikanesch Technologië stellen ee Risiko fir eis duer, well se Aarbechtsplazen zerstéieren an dofir suergen, datt mir net méi selwer decidéiere kënnen."

Ënnerschiddlech Aussoe vu Macron a von der Leyen

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, mat der de franséische President déi lescht Woch zesummen a China war, hat de Risiko éischter op der chineesescher Säit gesinn, mat den USA awer d'Frëndschaft an déi gemeinsam Wäerter betount.

Kee Kommentar zu deenen Divergenzen. Dat war gëschter zu Bréissel d'Reaktioun aus der Kommissioun. De Chefspriecher Eric Mamer huet op d'Fakte verwisen

"Je ne vais pas discuter les différentes perceptions des dirigeants. Ce qui compte, c'est la politique que fait l'Union européenne par rapport à la Chine."

Wee schwätzt dann elo am Numm vun Europa? De chineesesche President houng ganz offensichtlech méi dem franséische Staatschef wéi der Kommissiounspresidentin un de Lëpsen. Och de Xi Jiping hat sech fir eng méi grouss Autonomie vun der EU ausgeschwat - am Sënn, datt d'Europäesch Unioun méi wäit vun den USA ewechréckelt.

Onbequeem Froen iwwer seng Taiwan-Aussoen oder awer d'Situatioun a Frankräich krut den Emmanuel Macron gëscht zu Den Haag iwwregens keng. Déi virdrun erausgepickte Bierger a Biergerinnen hu méi allgemeng politesch-philosophesch Sujeten ugeschnidden, op déi den Emmanuel Macron ganz souverän ze äntwere wosst.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.