Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Specials - Ghost Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Unshell"-Direktiv: Keen Accord virum Summer

NEI EU-REEGELEN FIR BréifkëschtefIRMEN

"Unshell"-Direktiv: Keen Accord virum Summer

Een Echange iwwert nei Reegele fir Bréifkëschten-Entreprisen ënnert EU-Finanzministere gouf verluecht. D'Meenunge leie wäit auserneen. Lëtzebuerg hält d'Direktiv fir "disproportionéiert", sou d'Yuriko Backes.

auto_stories

5 min

Zil vun de proposéierte Reegelen ass et, sou genannte Bréifkëschten-Entreprisen ("shell companies") eraus zefilteren. "Un-shell" heescht dowéinst d'Direktiv, déi am Dezember 2021 proposéiert gouf. Si soll verhënneren, datt esou Firmen hir Struktur dofir mëssbrauchen, fir manner Steieren ze bezuelen.

Der Direktiv no sollen zum Beispill de Revenu an Zuel vum Personal drop hiweisen, datt genuch Substanz do ass, fir eng wirtschaftlech Aktivitéit, am anere Fall soll d'Firma d'Recht verléieren, vun iergendwelleche Steiervirdeeler ze profitéieren.

D'Europaparlament huet hei just eng konsultativ Roll, mee steet komplett hannert der Propos vun der Kommissioun a well souguer nach méi wäit goen, wéi eng Resolutioun, déi am Januar gestëmmt gouf, weist.

Kritik aus dem Europaparlament

Suerge mécht dem Parlament allerdéngs d'Diskussioun ënnert de Memberlänner. Si, a virop Lëtzebuerg, wieren amgaangen den Text ze verwässeren, sou de Reproche.

"En réalité nous parlemantaires européens et les citoyens, n'avons pas accès à ces discussions. Il y a souvent des alliances entre paradis fiscaux, dont on sait que le Luxembourg joue un rôle important", seet d'Manon Aubry, Europadeputéiert vun der Gauche.

Lëtzebuerg steet am Fokus, dat hat och eng Debatt am Abrëll am Europaparlament mam Xavier Bettel gewisen. Do hat d'Fransousin dem Premier eng Foto vun engem Gebai an der rue Emile Ruppert op der Cloche d'Or vrun d'Nues gehalen, an deem op just véier Etagen iwwer 1800 Entreprisen doheem sinn, mat der Fro, wéi dat physesch méiglech ass?

Et géif sech hei, sou d'Manon Aubry em Entreprisen handelen, déi net reell mee fiktiv wirtschaftlech aktiv sinn.

De Premier hat an där Debatt mat enger Géigenattack geäntwert a gesot, deen nämmlechte Reproche wier schonn emol am Parlament vun der Extrême Droite, notamment der Marine Le Pen erhuewe ginn. Hien hat sech och driwwer opgereegt, datt d'Manon Aubry net méi am Sall war, wéi hien hir äntwere wollt an annoncéiert, hie géif dat deemno schrëftlech maachen.

D'Europadeputéiert Manon Aubrey (Foto: Mathieu Cugnot)

Dat awer ass bis elo net geschitt - an d'Manon Aubry hält un hirem Reproche fest.

"Dans un petit bâtiment à quatre étages, il y aurait 1810 entreprises. Cela dit à quel point ce sont entreprises dites boite à lettre - c'est à dire factisses, et qu'elles sont là pour bénéficier des avantages fiscaux du Luxembourg."

Yuriko Backes: "Et ginn eng ganz Partie Problemer"

Wéi eng Roll Lëtzebuerg während de Verhandlungen iwwert déi nei Direktiv spillt, ass iwwerdeems net einfach erauszefannen.

"Mir wëlle keng eidel Strukture protegéieren", stellt iwwerdeems d'Finanzministerin Yuriko Backes en Dënschdeg um Bords vun der Reunioun vun den EU-Finanzministere kloer.

Déi proposéiert Direktiv awer geet der Regierung ze wäit.

"Mir hun eis dat ugekuckt an d'Propos vun der Kommissioun huet ee groussen Impakt op Lëtzebuerg. Mir fannen dat disproportionéiert. Et gëtt elo zanter méi ewéi engem Joer doriwwer diskutéiert. Et stelle sech eng ganz Rei Problemer, net nëmme fir Lëtzebuerg, mee och fir aner Länner."

De Sujet vun der "Unshell-Direktiv" war fir dës Reunioun nees vum Ordre du jour erofgeholl ginn, well d'Meenungen tëscht de Memberlänner ze wäit ausernee ginn.

EU-Kommissär Gentiloni: Text gëtt net zeréckgezunn

Dobäi geet et virun allem ëm d'Definitioun vun den Entreprisen, déi géifen ënnert d'Direktiv falen. Sou wéi dat elo virgesinn ass, bestéing de Risiko, datt grenziwwergräifend Strukturen d'office géifen als bedenklech agestuuft ginn, fënnt d'Yuriko Backes.

"Dofir muss nach un der Direktiv geschafft ginn an dat ass jo och dat, wat elo geschitt."

Wéi laang dat nach dauert, ass den Ament net virauszesoen. Et gëtt allgemeng als onwarscheinlech ugesinn, datt de Sujet ënnert der schwedescher EU-Presidence nach eng Kéier op den Dësch kënnt.

D'Europäesch Kommissioun hirersäits huet iwwerdeems net Wëlles, den Text zeréckzezéien.

"Non pas du tout", sot en Dënschdeg zu Bréissel de Paolo Gentiloni op eis Nofro. Et wier net einfach op deene Steierfroen ze schaffen, sou de Wirtschaftskommissär, well do d'Memberlänner unanime mussen decidéieren. Déi Direktiv awer wier "ganz wichteg".

"Je crois que c'est difficile de ne pas voir cette importance. Alors: On y travaille, on peut avoir quelques délais, mais je suis très convaincu qu'on va avoir un accord."

Am Juli iwwerhëlt Spuenien d'EU-Presidence an éischten Informatiounen no wëllt d'Land deen Dossier als eng vu senge Prioritéite behandelen.

Bettel - Aubry: Keng schrëftlech Äntwert

De Xavier Bettel huet iwweregens net méi Wëlles der Manon Aubry schrëftlech ze äntweren, heescht et aus sengem Entourage. Seng Äntwert wier aus senger Interventioun am Parlament ervirgaangen.

Konkret zur Adress op der Cloche d'or wollt och d'Finanzministerin näischt soen. Et wieren ëmmer déi nämmlecht am Europaparlament, déi Lëtzebuerg viséieren, sou d'Yuriko Backes a widderhëlt dat, wat och de Premier an der Debatt am Parlament betount huet: Lëtzebuerg hätt sech verännert, géif d'EU-Direktiv respektéieren a géif och bei de Reformen am Kader vun der OECD matschaffen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.