Radioen

On air

Tockcity  |  Yuksek, Fatnotronic, Partyfine - Vamo Nessa

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tierkeschen EU-Bäitrëtt: Net probabel, datt de Prozess nees revitaliséiert gëtt

Europäesch Unioun

Tierkeschen EU-Bäitrëtt: Net probabel, datt de Prozess nees revitaliséiert gëtt

D'Tierkei ass prett, säi Blockage géint ee Bäitrëtt vu Schweden an d'Nato opzeginn. Schweden huet sech enger gemeinsamer Deklaratioun no engagéiert, dofir ze suergen, datt de Bäitrëtts-Prozess vun der Tierkei an d'Europäesch Unioun "revitaliséiert" gëtt. Wat dat genee heescht, gouf awer net erkläert.

auto_stories

2 min

D'Tierkei ass zanter 1999 offiziell Kandidat fir Member vun der EU ze ginn. 2016 huet d'Europaparlament majoritär dofir gestëmmt, dee Prozess op Äis ze leen. Dat war kuerz nom Putschversuch an de Repressiounen, déi den Erdogan-Regime dono duerchgefouert huet.

Formell gouf ni decidéiert, d'Verhandlungen ze stoppen. Et gouf awer deklaréiert, et géif een elo keng weider Kapitelen an deem Prozess behandelen.

"Meilewäit" ausenaner

"Et ass nach ee wäite Wee, an dee war scho méi no virun 20 Joer, wéi en haut ass.", beschreift de Premier Xavier Bettel déi aktuell Situatioun. Hien ass nach ëmmer dogéint, dee Prozess ofzebriechen. Dat ass och am eegenen Interêt, gëtt de Premier zou.

"Ech hu léiwer, d'Tierkei kuckt a Richtung Europa, fir Partnerschaften auszemaachen. Mir gesinn dat bei der Flüchtlingsfro, wou mir kucken, zesummenzeschaffen. Dat ass och an eisem Interêt."

Et sollt een de Leit an der Tierkei d'Hoffnung net huelen, datt hiert Land eng Kéier Member vun der EU gëtt, fënnt iwwerdeems den Ausseminister Jean Asselborn. Allerdéngs wier een nach wäit vun engem tierkeschen EU-Bäitrëtt ewech.

"Et ass net um Erdogan fir eis ze soen, wat muss gemaach ginn. Hie weess genee, wat muss gemaach ginn, fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn. A Saache Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter, do hapert et, do si mir néierens, do si mir meilewäit ausenaner."

Wat bewierkt eng schwedesch Demande?

A Propos wäit auseneen: Schweden an och d'Nato huet et geheescht, géifen d'Zesummenaarbecht mat der Tierkei am Kampf géint den Terrorismus verstäerken. Ass grad d'Tierkei, och en vue vum Ëmgank mat senge Regime-Kritiker, dat richtegt Land dofir? De Xavier Bettel mengt, datt all Zesummenaarbecht positiv ze bewäerten ass.

"All Land, dat Informatiounen huet an deenen aneren hëllefe kann, ass gutt. Et geet jo drëms, den Echange vun Informatiounen ze hunn."

Dee nächsten Donneschdeg diskutéieren d'Ausseministere vun der EU iwwer d'Situatioun an der Tierkei. Eng schwedesch Demande, dee Bäitrëtts-Prozess nees ze beliewen, hätt hei net vill Wäert, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat.

"Ech gesinn dat net, nee. Eng schwedesch Demande, oder eng aner Demande. Et geet net ëm d'Demande, et geet ëm d'Äntwert vun der Tierkei an deene Froen."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.