Radioen

On air

Notturno  |  Treasure Chest At The End Of The Rainbow - Snake Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuenesch EU-Presidence matten am Walkampf

Europäesch Unioun

Spuenesch EU-Presidence matten am Walkampf

Zanter dem Weekend huet Spuenien d'Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Dës Tâche wiesselt all sechs Méint. D'Land, dat dann um Rudder ass, ass responsabel dofir, d'Reunioune vun de Ministeren op europäeschem Niveau ze organiséieren. Et huet domat duerchaus eng wichteg strategesch Roll ze spillen. Wat dës Kéier kéint kriddeleg ginn, ass, datt direkt um Ufank vun där Presidence Walen a Spuenien sinn. An et ass net ganz onwarscheinlech, datt duerno eng aner, eng riets-konservativ Regierung zu Madrid iwwerhëlt.

auto_stories

3 min

A Spuenien gëtt den 23. Juli gewielt. De sozialistesche Premier Pedro Sanchez hat déi Walen Enn Mee ausgeruff, nodeems et bei de regionalen a kommunale Walen zu enger Victoire vun de Konservativen a rietse Parteie komm war. De rezentste Sondage no kéim déi konservativ Vollekspartei PP op déi meeschte Sëtz, och bei den nationale Walen.

Schwiereg Dossieren

Ee politesche Wiessel direkt um Ufank vun enger EU-Présidence? Wee garantéiert, datt do alles riicht leeft?

Spuenien huet Erfarung mat där Roll, sot de Premier Pedro Sanchez zu Madrid, wéi hien d'Europäesch Kommissioun an der Haaptstad empfaangen huet, fir de Startschoss vun der Presidence.

Hien ass sech bewosst, datt schwiereg Dossieren um Ordre du jour vun der EU stinn. Virop den Ufank vun de Verhandlungen iwwer d'Reform an der Asylpolitik, déi - nodeems et Enn leschter Woch um EU-Sommet zum Eclat mat Ungarn a Polen koum - net méi einfach gi sinn.

"Dat wichtegst an der Migratioun ass, dat mir europäesch, eng gemeinsam Äntwert fannen. Eng Äntwert, déi op Responsabilitéit a Solidaritéit baséiert, wéi mir dat esou dacks widderholl hunn."

Sou dozou de Pedro Sanchez

Schwiereg ginn och d'Verhandlungen iwwer d'Reform vum europäeschen Elektricitéits-Marché, wou sech virun zwou Wochen d'Ministeren net eens goufen, a wou och op der leschter Reunioun d'EU-Ambassadeuren net richteg virukoumen.

D'Ursula von der Leyen ass optimistesch

Wéi wäert sech dat alles entwéckelen, wann eng manner pro-europäesch Regierung déi EU-Geschäfter dirigéiert? Och d'Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d'Ursula von der Leyen, verspreet Zouversiicht.

"Wat ëmmer d'Resultat vun deene Walen ass, ech hu voll Vertrauen doran, datt déi spuenesch Regierung an d'Institutiounen, genee ewéi an den déiwen europäesche Geescht a Spuenien."

Eng vun den Erausfuerderunge sinn och d'Zukunftsvisiounen, déi een un der Spëtzt vun der EU muss matbréngen. Dat en vue vun den Diskussioune ronderëm eng méi grouss Unioun, mat virop der Ukrain, Moldawien oder de Westbalkanlänner, déi virun der Dir stinn.

De Pedro Sanchez positionéiert sech als een, dee méi Europa wëll. Eng EU, an där méi Souveränitéit gedeelt gëtt.

"Ech denken, mir brauchen eng méi federal Unioun, wat jo och an der Pandemie och mat den Hëllefspläng realiséiert gouf."

Walkampf op EU-Niveau verhënneren

Seng Ried am Europaparlament, déi fir déi nächst Woch virgesi war, gouf op de September verluecht - also fir d'Zäit no de Walen. Dat op Wonsch vun der Europäescher Vollekspartei, déi verhënnere wollt, datt zu Stroossbuerg nationale Walkampf vun der politescher Konkurrenz gemaach gëtt.

Matten an dee Walkampf falen awer eng gutt hallef Dosen informell Reunioune vu Ministeren, déi aus de 27 EU-Länner virgesinn, déi all Kéiers a verschiddene spuenesche Stied empfaange ginn.

Eng Geleeënheet, fir fir Opmierksamkeet ze suergen. Ob d'Regierung elektoral doduerch profitéiere kann, ass natierlech ongewëss.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.