Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Silvio Berlusconi: ee Politikerliewe mat Skandaler

Mailand

Silvio Berlusconi: ee Politikerliewe mat Skandaler

Um Méinde Moien ass zu Mailand de Silvio Berlusconi gestuerwen. Hie war eng vun de bekanntsten - an ëmstriddensten - Figuren aus der italieenescher Politik, souwuel an Europa wéi och doriwwer eraus. De 86 Joer ale Politiker huet am Laf vu senger Karriär fir vill Kritik a vill Schlagzeile gesuergt.

auto_stories

4 min

De sougenannten "Cavaliere" war ee vun de räichste Geschäftsmänner an Italien a souz am Laf vu senger politescher Karriär un der Spëtzt vu véier verschiddene Regierungen. Seng éischt Milliounen huet hien als Entrepreneur um Immobiliëmaart verdéngt.

Fir sech an deem Domaine selwer publizéiert ze verschafen huet hien 1972 de lokalen TV Sender "Milano 2" gegrënnt. Dat huet him de Wee an déi italieenesch Mediewelt opgemaach an där hien duerno jorelaang eng Haaptroll spille sollt. Hien huet nämlech mat der Grënnung vun der Mediegesellschaft Mediaset en Imperium kreéiert, dat hien dunn och an der Politik an de Vierdergrond bruecht huet.

Vun 1986 bis 2012 war hien ausserdeem och de Proprietär vum italieenesche Fussballveräin: AC Mailand. Der amerikanescher Revue "Forbes" no soll de Patrimoine vum Politiker um Schluss vu sengem Liewe bei zirka 7 Milliarden Euro geleeën hunn.

Wéi geet et elo weider fir d'Partei?

De Berlusconi war de President vun der rietser Partei "Forza Italia", déi hien 1994 gegrënnt huet. Déi aktuell Premierministesch Giorgia Meloni, deemools 31 Joer al, hat hien 2008 zur Jugend-Ministesch ernannt. Si war deemools Member vu Forza Italia. Elo ënnert der aktueller Regierung, ass d'Forza Deel vun der Koalitioun. Do stellt sech natierlech d'Fro: Wéi geet et elo weider fir d'Partei? Mir hunn an de Stroosse vu Florenz nogefrot, wéi d'Italiener dat gesinn.

Ech mengen d'Famill wäert Forza Italia weider hi finanzéieren, mee si wäert d'Symbol verkafen, dat da lues a lues verblatze wäert. Dem Berlusconi säin Doud wäert nëmmen zu engem klengen Ëmbroch am politesche Liewe feieren. Seng Partei war schonn op 6% gefall. Et muss ee just verstoe wat mat deene 6% geschéie wäert. Warscheinlech wäerten se sech 3-4 Parteien opdeelen an se wäerten esou gutt wéi irrelevant sinn.

Trotz Skandaler a Polemiken huet hien et ëmmer gepackt, fir mat senger Rhetorik a sengem Charisma ze iwwerzeegen. En huet déi italieenesch Politik joerzéngtelaang markéiert. Haut dréint sech eng Säit fir Italien.


"Eng Ära endegt an eng nei fänkt elo un. Elo wäerte mir gesinn, ob et wierklech de Berlusconi war deen d'Partei zesumme gehalen huet oder ob et elo eng Méiglechkeet ass de moderate Centre-Droite erëm opzebauen."

De Silvio Berlusconi war zanter 1993 an der Politik aktiv, och bei de leschte Walen am September 2022 war hie Kandidat. Seng opgehollen Deklaratioun, déi am Januar 1994 - bei der Geleeënheet vu sengem politeschen Debut ausgestraalt gouf, war gëschter am ganze Land, no bal 30 Joer, erëm op de Radioen an Tëleeën ze héieren.

"Italien ass d'Land wat ech gären hunn. Hei hunn ech meng Wuerzelen, meng Hoffnungen a meng Horizonter. (...) Ech hunn decidéiert den Terrain ze betrieden a mech ëm déi ëffentlech Ugeleeënheeten ze këmmeren, well ech net an engem illiberale Land liewe wëll, dat vun onräife Männer, déi onzertrennlech mat enger wirtschaftlecher bankrotter Vergaangenheet verbonne sinn."

Zwee Méint no dëser Deklaratioun, den 28 Mäerz 1994, huet Forza Italia mam Berlusconi un der Spëtzt seng éischte Victoire an de Silvio Berlusconi gëtt esou aus dem Stand fir d'éischt Premierminister vun Italien.

Skandaler suerge fir Opreegung

Bal zéng Joer laang huet de Silvio Berlusconi déi italieenesch Regierung geleet. En huet sech selwer ëmmer als Papp vum Liberalismus an als Antipolitiker gewisen an domat huet hien eng nei Ära vun der Politik kreéiert, déi him vill Populisten op der Welt spéider nogemaach hunn.

Am Laf vu senger laangjäreger Karriär hunn awer virun allem dem Silvio Berlusconi seng Skandaler a Gaffë fir Opreegung gesuergt. Seng Faux-Pasen hunn den Tour ëm d'Welt gemaach. Et goung vu Sex-Skandaler a kannerege Streidereien, bis bei Korruptiouns-Beschëllungen an d'Reprochë mat der Mafia zesumme geschafft ze hunn. De Silvio Berlusconi war a ronn 20 Geriichtsprozesser verwéckelt - 2013 ass hien zu enger Prisongsstrof wéinst Steierhannerzéiung verurteelt ginn.

De Silvio Berlusconi ass 86 Joer al ginn an ass am Mailander Spidol un de Suite vun enger Leukemie gestuerwen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.