Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain goufe russescht Verméigen an Héicht vun iwwer 300 Milliarden Euro agefruer, 200 Milliarden dovu sinn an der Europäescher Unioun blockéiert. Déi Sue leien an der Belsch, wou der belscher Regierung no de Finanzdéngschtleeschter Euroclear 180 Milliarden Euro eleng vun der Russescher Zentralbank verwalt an dofir och Zënse kasséiert. Och am Grand Duché si ronn sechs Milliarden Euro vu russeschen Oligarchen agefruer.
Wéi kann d'Ukrain vun deem Verméige profitéieren? Dat ass eng Fro, iwwert déi sech an der EU zanter Méint de Kapp zerbrach gëtt. De Projet ass ëmstridden, et wier juristescht Neiland, sech auslännescht Verméigen unzëeegnen an anzwousch anescht anzesetzen.
Ursula von der Leyen: Propose nach virum Summer
D'Annonce déi lescht Woch vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen koum dofir éischter iwwerraschend:
"Mir maachen nach virun der Summerpaus eng Propose iwwert dat konfiskéiert russescht Verméigen. Den Ugrëffer muss fir de Schued opkommen".
Déi grouss Fro awer ass, wéi kann een un dat russescht Verméigen erun, ouni géint internationaalt Recht ze verstoussen? D'Suen direkt ze benotze schéngt keng Optioun méi ze sinn. Dofir kurséieren elo zwou aner Iddien: Déi éischt wier, d'Verméigen ze investéieren an de Profit ofzeschäffen, dat allerdéngs géing heeschen, datt d'EU de Risiko dréit, dee jo bei all Finanzgeschäft besteet.
Déi zweet wier eng Zort Steier op de Profitter anzeféieren, an déi bei deenen ze erhiewen, déi d'Suen bis elo verwalten.
Josep Borrell bremst den Äifer
Wéi eng dovu gëtt also zeréckbehalen? Wat genee wäert d'Kommissioun proposéieren? Den héije Representant fir d'Aussepolitik vun der EU, de Josep Borrell stellt a senger Äntwert kloer, datt hie selwer nach net prett ass, déi Propose op den Dësch ze leeën.
"Qui est autorisé à faire des propositions au Conseil? C'est le Haut Représentant , d'après les traités, c'est comme ca. Et pour l'instant je n'en ferai aucune."
Et ass effektiv un him, an net un der Kommissiounscheffin, de Ministeren aus de Memberlänner, eng entspriechend Propose ze maachen.
"C'est un sujet complexe, un sujet difficile, il faut tenir compte de beaucoup d'éléments, des lois internationales, de la crédibilité internationale de l'euro. La prise de position de la banque centrale européenne me paraît très pertinente."
Europäesch Zentralbank warnt virun de Suitten
Déi Europäesch Zentralbank hat nämlech vru béide Weeër gewarnt. Der Bank no besteet Gefor, datt déi juristesch Basis vum Euro am internationale Kontext ënnergruewe géif an dat auslännesch Investisseuren ofschrecke kéint.
Verschidde Memberlänner wéi Däitschland, Frankräich an Italien weisen sech skeptesch, och Lëtzebuerg war bis elo och éischter zeréckhalend.
Hie géing, sou de Spuenesche Sozialdemokrat, déi Bedenke ganz eescht huelen, an d'éischt emol ofwaarden, wéi sech d'EU-Staats- a Regierungscheffe positionéieren.
"Évidemment je prendrai toutes mes précuations avant de faire une proposition. La première précaution sera d'écouter les chefs d'états et de gouvernement, on va leur exposer les pours et les contres, les avantages, les inconvéniants, j'imagine qu'ils vont nous dire de continuer d'y travailler et c'est cela ce qu'on va faire."
Den Dossier ass vill méi komplizéiert, wéi ugeholl, sot e Freideg och een EU Diplomat. Et dierf een also gespaant sinn, op et wierklech zu enger Propose kënnt, déi dono och ëmgesat gëtt. De Sujet steet Enn der Woch um Ordre du jour, wa sech d'Staats- a Regierungscheffin um EU-Sommet gesinn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.