Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Ruanda" ass net vum Dësch

EU-SOMMET

"Ruanda" ass net vum Dësch

Migratioun wäert ee vun den Haaptsujeten um EU-Sommet sinn. Polen an Ungarn pochen drop, datt ee beim Asyl-Accord ee Konsens ustrieft. An Dänemark an Ungarn maache sech fir "innovativ Léisungen" bei Asylprozedure staark.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den Accord iwwert d'Asylpolitik, dee vrun dräi Wochen zu Lëtzebuerg fonnt gi war, steet op där Reunioun vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen eigentlech net zur Diskussioun.

Allerdéngs pochen déi Länner, déi dogéint gestëmmt hunn, drop, datt een eng Léisung ustrieft, mat där jiddereen d'accord ass. An dat kéint duerchaus fir Ausenaanersetzunge suergen.

Ungarn a Polen stellen majoritair Décisiounen an der Migratiounspolitik a Fro

Ungarn a Polen droen deen Accord net mat, si goufen iwwerstëmmt a wëllen elo um ieweschte Niveau een Appell lancéieren, datt d'EU op deem Gebitt ee Konsens ustriewe muss, aplaz wéi et elo gemaach gouf, d'Majoritéit décidéieren loossen.

Et schéngt kloer, datt déi aner net prett sinn, hir Positioun nees a Fro ze stellen, ma dat ass net deen eenzegen Sträitpunkt op dësem EU-Sommet, wat d'Migratioun betrëfft.

Eng Partie Länner, virop Dänemark an Eisterräich setze sech an engem Schreiwes dofir an, datt op dësem Sommet iwwert sou genannten "innovativ Léisungen" bei Asylprozeduren geschwat gëtt.

"Ruanda"-Modell: rout Linn fir Lëtzebuerg

Et wéisst een net genee, wat dorënner ze verstoe wier, sote gëschter e puer EU-Sourcen. Kloer schéngt ze sinn, datt et drëm geet, Asylprozeduren no baussen ze verleeën. Dee Modell gëtt wéinst der Praxis a Groussbritannien och als "Ruanda" bezeechent, e gëtt vun aneren EU-Länner mat Verweis op internationalt Recht, kategoresch refuséiert.

An de Verhandlungen iwwert den neien Asylpak war dat zum Beispill fir Lëtzebuerg eng rout Linn. De Camps vun denen, déi fir esou eng Externalisatioun sinn, géing wuessen, sou gëscht een héichen EU-Diplomat. Et géif mat Sécherheet en Interêt, doriwwer ze diskutéieren. Décisiounen doriwwer ginn haut oder muer keng geholl - dee Camps wäert sech awer dofir asetzen, datt schrëftlech fetsgehale gëtt, déi Piste virun ze verfollegen.

Solidaritéit mat der Ukraine - ee weidere Sujet

Et wier ze hoffen, dat dat heiten kee weideren "Migratiouns-Sommet" gëtt, sou eng weider EU-Source. Mam Verweis drop, datt et genuch aner Sujeten gëtt - déi stinn och um Ordre du jour - virop d'Ukraine a seng Ënnerstëtzung vun der EU, den President Wolodymir Zelensky wäert per Video bäigeschalt ginn. Enner anerem soll den Débat doriwwer, wéi ee kann konfiskéiert russescht Verméigen der Ukraine zoukomme loossen, viru gefouert ginn.

Déi 27 EU-Länner engagéieren sech an de schrëftlechen Konklusiounen, dozou bäizedroen, datt d'Land Sécherheetsgarantie kritt, ouni dat präziséiert gëtt, wat dat genee heescht. Et kann een dovun ausgoen, datt den ukrainesche President dozou Präzisioune froe wäert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.